Viru Kuerzem war d'Ofschloss-Konferenz vum Pilot-Projet "Palliatif Gériatrie".

D'Zil war et, fir eng palliativ Kultur hei am Land ze fërderen. Palliativ Versuergung fänkt nämlech net eréischt um Enn vum Liewen un. D'Leit sollen déi beschtméiglechst Liewensqualitéit hunn, wa se an eng Struktur bis zu hirem Doud kommen.

Dowéinst goufen Hierarchiefräi-Aarbechtsgruppe gegrënnt, wou d'Personal, egal aus wéi engem Secteur, aus de Fleegeheemer konnt deelhuelen, fir zesummen no Méiglechkeeten ze sichen, fir de Leit de leschte Wee méi agreabel ze maachen. En Deel vum Pilot-Projet huet och virgesinn, datt déi siwen Haiser, déi drun deelgeholl hunn, sech ënnertenee kënnen austauschen.

RTL

E wichtegt Resultat vun deenen Aarbechtsgruppe war, datt d'Zesummenaarbecht mam Dokter, deen an der palliativ Kultur eng wichteg Roll spillt, sech verbessert huet. Fir déi betraffe Leit ass dann och wichteg, datt d'Stierwen net méi e Schicksalsschlag ass, ma och vun eegenen Entscheedunge kann ofhänken.