All Woch lauschteren 298.300 Leit RTL Radio Lëtzebuerg, 262.600 Spectateure kucken RTL Télé Lëtzebuerg an 238.300 Visiteure surfen op RTL.LU.

Dat sinn d’Resultater, déi aus der aktueller Plurimedia-Etüd vun der TNS ILRES ervirginn.

VIDEO: Plurimedia-Etüd: Interview mam IP-Direkter Lou Scheider
All Woch lauschteren 298.300 Leit RTL Radio Lëtzebuerg, 262.600 Spectateure kucken RTL Télé Lëtzebuerg an 238.300 Visiteure surfen op RTL.LU.

All 6 Méint loossen d’Regierung an d’Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, IP Luxembourg/CLT-UFA a Saint Paul Luxembourg SA) via TNS-Ilres préiwen, wéi de Mediekonsum zu Lëtzebuerg evoluéiert.

RTL

Mat bal 300.000 Nolauschterer pro Woch ass RTL Radio Lëtzebuerg dee meescht- consomméiert Medium zu Lëtzebuerg a bleift domadder de Leader vun alle Lëtzebuerger Medien. Bei de Nolauschterer sinn 69% Lëtzebuerger an 31% auslännesch Residenten, déi am Duerchschnëtt 2,5 Stonnen den Dag eise Radio lauschteren.

RTL

RTL Télé Lëtzebuerg gëtt an der Woch am Duerchschnëtt vun 262.600 Spectateure gekuckt, dovunner sinn 71% Lëtzebuerger an 29% auslännesch Residenten. Si kucken Télé Lëtzebuerg all Dag 59 Minutte laang.

RTL

Op RTL.LU sinn all Woch 238.300 Visiteuren ënnerwee, dat sinn 46,4 % vun der Populatioun vun iwwer 12 Joer. Domadder ass de Lëtzebuerger Informatiouns-Site dee meescht-consomméieren Internet-Medium am Land. 31 % vun de Visiteure sinn auslännesch Residenten.

RTL Radio, Télé an RTL.LU beleeën an der Wochenaudienz déi 3 éischt Plazen am Ranking vun de Lëtzebuerger Medien.

D’ganz Ekipp vun RTL Lëtzebuerg seet Iech MERCI fir d'Vertrauen, dat Dir eis Dag fir Dag entgéintbréngt.