De Parquet deelt mat, datt de 37 Joer alen Automobilist um Sonndeg gehéiert gouf. Hien huet zouginn, datt hien eng Fuite gemaach an ze vill gedronk hat.

De 37 Joer ale Mann, deen am Norde vum Land lieft a Chef vun engem Betrib ass, gouf ugeklot wéinst Homicide involontaire a Coup et Blessures involontaires. Dat wéint sengem Refus, fir bei der Policekontroll stoenzebleiwen. Duerch seng Fuite wier et zu der Course-Poursuite mat 2 Police-Ween komm, bei där ee Polizist ëm d'Liewe komm ass a 4 aner Beamten méi oder manner uerg verwonnt gi sinn.

Hie gouf an Untersuchungshaft gesat. D'Enquête geet virun, mee och d'Enquête vun der Generalinspektioun vun der Police.

Hei d'Schreiwes vum Parquet:

Communiqué du parquet de Diekirch concernant l'accident mortel du 14 avril près de Lausdorn sur la N7

Hier au courant de l'après-midi la police a pu identifier et procéder à l'arrestation en flagrant délit du chauffeur ayant provoqué la course-poursuite avec deux véhicules de police suite à son refus de se soumettre à un contrôle routier la nuit précédente.

Cet habitant du nord du pays, un chef d'entreprise de 37 ans, a été entendu aujourd'hui en fin d'après-midi par le juge d'instruction de Diekirch. L'homme a avoué avoir pris la fuite avec son véhicule étant conscient avoir abusé de boissons alcooliques.

Il a été inculpé par le juge d'instruction du chef d'homicide involontaire et de coups et blessures involontaires (art. 418, 419 et 420 du code pénal). Par son refus de se soumettre au contrôle de police et par sa fuite, l'homme a été à l'origine de la course-poursuite avec deux voitures de police ayant entraîné le décès d'un des agents,  les 4 autres policiers ayant été plus ou moins grièvement blessés. En outre la personne a été inculpée d'homicide involontaire en relation avec des infractions à la loi du 14 février 1955, art. 9bis (code de la route) et de conduite sous influence d'alcool, art. 12 de la prédite loi.

L’excès de consommation d'alcool du chauffeur étant établi, le parquet entend souligner que la circulation en état alcoolisé ou en excès de vitesse est constitutif d’une infraction grave sévèrement réprimée par la loi. Ainsi le conducteur s’expose à une peine d’emprisonnement d'un maximum de 3 ans, d'une amende et d'une interdiction de conduire pouvant aller jusqu'à 15 ans (obligatoire en cas d’ivresse). 

 En cas d’accident occasionné en état d’ivresse ou en présence d’un excès de vitesse, le conducteur responsable encourt une peine d’emprisonnement qui peut aller jusqu’à 3 ans si la victime a subi des blessures, respectivement jusqu’à 5 ans si la victime vient à décéder des suites de cet accident. 

Le véhicule qui a servi à commettre les infractions peut également être confisqué. 

Le juge d'instruction de Diekirch vient de décerner un mandat de dépôt à l'encontre de l'inculpé et l'a donc placé en détention préventive. L'instruction judiciaire se poursuit ainsi que l'enquête menée par l'Inspection générale de la police (IGP).

Schwaarze Samschdeg fir d'Police

Op der N7 sinn an der Nuecht op e Samschdeg kuerz virun 2 Auer tëscht Hengescht a Wäisswampech op der Héicht vu Lausduer am Ganze 5 Polizisten, zwee dovunner liewensgeféierlech blesséiert ginn, wéi zwee Policeween bei engem Asaz anenee gerannt sinn.

De Polizist, deen um Policeauto gefuer ass, ass nach op der Plaz u senge schwéiere Blessure gestuerwen. D'Beamtin, d'Bäifuererin, huet wéinst hiren uerge Blessuren an der Nuecht op e Samschdeg missen noutoperéiert ginn. 3 aner Poliziste si liicht blesséiert ginn. Si souzen an der Camionnette, déi an de Policeauto gerannt ass.

Déidlechen Accident no Course-Poursuite
2 Policeween sinn e Samschdegmueren op der N7 tëscht Hengescht a Wäiswampech no enger Course-Poursuite aneneegerannt. 5 Poliziste goufen am Ganze verwonnt.

En Automobilist hat refuséiert, fir eng Verkéierskontroll zu Wäisswampech stoenzebleiwen. D'Beamte sinn dem verdächtege Won mat héijer Vitesse nogefuer, mat enger Camionnette an engem Auto. Bis et zu engem gewëssenen Ament zu der Kollisioun op der N7 op der Héicht vu Lausduer komm ass.

D'Police präziséiert antëscht, déi zwee Gefierer wären aneneegerannt, wéi een d'Kéier gemaach huet. D'Plaz vum Accident war nach bis e Samschdeg de Mëtteg 13 Auer gespaart.

De Miess- an Erkennungsdéngscht an de Parquet vun Dikrech waren op der Plaz. D'Inspection générale de la police gouf vum Parquet mat der Enquête chargéiert.

Wéi d'Police gemellt huet, géifen all d'Kommissariater de Fändel op Hallefmast hänken.

Den Automobilist gouf am Laf vum Samschdeg ermëttelt. Hie gouf verhaft.