Nieft Homicide involontaire a Coup et Blessures involontaires gëtt de beschëllegte Mann och wéinst Rebellioun ugeklot.

Zanter e Méindeg ass de Chauffeur, dee vum Parquet als Responsabel vum déidlechen Accident bei Lausduer beschëllegt gëtt, jo net méi an Untersuchungshaft.

Wann et awer zu engem Prozess kënnt, muss hie sech deen Ament nach an engem weidere Punkt veräntwerten, nämlech wéinst "Rebellioun".

Dat huet de Parquet esou als weideren Uklo-Punkt derbäigefüügt, schreift um Samschdeg d’Wort.

De Parquet gesäit et als erwisen un, dass de beschëllegte Chauffeur Widderstand géint d’Staatsgewalt gemaach huet, andeems hien duerch säi risikoräicht Verhalen d’Polizisten nuets zu enger Course-Poursuite gezwongen huet, well hie sech jo virun der Kontroll duerch d’Bascht gemaach huet.

Deemno ginn dem Mann elo 3 Reprochen gemaach: ongewollten Doudschlag, Coups et Blessures involontaires an och Rebellioun.

Beim Accident an der Suite vun der Course-poursuite waren de 14. Abrëll jo zwee Police-Ween kollidéiert. Ee Polizist war gestuerwen.

Wéi koum et zu där fataler Kollisioun?

De beschëllegte Chauffeur koum aus engem Restaurant an huet d'Kéier gemaach, wéi hien déi gréisser Police-Kontroll op der Wämperhaart gesinn hat an ass Richtung Wäisswampech fortgefuer. Doropshin huet sech de 37 Joer ale Mann mat sengem donkelbloen Audi S5 op engem Parking vun enger Tankstatioun zu Wäisswampech selwer verstoppt. 2 Beamte waren dem Mann direkt mat engem Auto hannendru gefuer, kuerz drop huet och eng Police-Camionnette d’Poursuite opgeholl. D’Police-Gefierer sinn duerch Wäisswampech gefuer, ouni ze bemierken, dass de gesichte Chauffeur sech verstoppt hat.

Hanner Wampech, op der Héicht vu Lausduer, huet de Police-Auto e bloe Skoda ugehalen, fir nozefroen, ob dee vum gesichten, donkelbloen Audi iwwerholl gouf. Doropshin huet de Police-Auto d’Kéier gemaach, während där dunn den trageschen Accident geschitt ass. D’Beamte waren zum Deel net ugestréckt, wat bei enger Course-Poursuite, wou ee séier aus dem Auto eraus muss, net ongewéinlech wär.

Am Auto ass de Chauffer nach op der Plaz gestuerwen, d'Bäifuererin, och eng Polizistin, schwieft nach a Liewensgefor.

VIDEO: Dossier Lausduer: Wat ass um Samschdeg geschitt?
Am Kontext vum déidlechen Accident zu Lausduer, bei deem e Polizist gestuerwen ass, huet RTL iwwerdeems mam Procureur adjoint vun Dikrech geschwat.

Wat seet de Procureur adjoint vun Dikrech?

Dem Procureur adjoint vun Dikrech no kritt dee Chauffeur, deen an der Nuecht op e Samschdeg virun der Police-Kontroll op der N7 fortgerannt ass, jo ë.a. Homicide involontaire virgeworf, vu dass d'Police huet missen eng Course-Poursuite maachen, well de Mann bei enger Kontroll, bei där hien Haltenzeeche gemaach krut, gedréint a fortgefuer war.

Den Dikrecher Procureur adjoint huet an engems drun erënnert, dass am Fall, wou en Accident geschitt, well de Chauffeur ze séier oder alkoholiséiert gefuer ass, an et stierft doropshin eng Persoun, d’Strofe kënne verschäerft ginn. Dat heescht, datt een eng Prisongsstrof vu bis zu 3 Joer riskéiert, wann ee sech blesséiert; vu 5 Joer, wann eng Persoun stierft.

Den Affekot vum Beschëllegten, de Maître Baulisch, stellt dës Kausalitéit awer a Fro. Fir ze soen, dass et net zu där fataler Course-Poursuite komm wier, wann de Beschëllegte stoe bliwwe wär, dat wier eng extrem vereinfacht Duerstellung vun de Faiten a rechtlech géif dat och d'Strooss net halen.