Päerd a Kéi hunn d'Stroossen zu Lëtzebuerg um Dënschdeg de Moien onsécher gemaach. Dat war virun 10 Auer op alle Fall am Trafic-Info ze liesen.

Um kuerz no 8.30 Auer koum déi éischt Meldung, dass um CR335 op der Héicht vun der Maulesmillen 6 Päerd op der Strooss géinge lafen.

Zwou Minutten drop: eng Kou op der Strooss um CR313 tëscht Uerschdref an Heeschpelt.

Um 8.50 Auer waren dunn e puer Kéi um CR328 tëscht Déierbech an Eeschweller ënnerwee.

Géint 9.10 Auer dunn nach d'Informatioun, dass op der Strooss um CR326 op der Héicht vun Draufelt och e Päerd ënnerwee wier.

Op eise Stroosse war also scho vill lass um Dënschde Moien.