Falschgeld, e Problem zu Lëtzebuerg?
All Joer ginn zu Lëtzebuerg ronn 1.000 falsch Schäiner vun der Zentralbank aus dem Verkéier gezunn.
Ugangs Oktober vun dësem Joer goufen déi nei 100- an 200-Euro-Schäiner vun der Lëtzebuerger Zentralbank virgestallt. Déi solle vu Mee 2019 un déi al Schäiner lues a lues ersetzen. Dat ass zum Deel néideg ginn, well déi Onéierlech och ëmmer méi performant goufen, fir d'Geldschäiner nozemaachen. Geldschäiner ware scho viru Joerhonnerten eng Méiglechkeet, Wueren oder Déngschtleeschtungen ze bezuelen. Zanter et Geld gëtt, ginn et och ëmmer Onéierlecher, déi probéieren d'Geld an all senge Formen ze kopéieren oder ze fälschen. Ronn 21 Milliarden Euro. Dat ass d'Valeur déi alleguer d'Mënzen an d'Euroschäiner, déi zu Lëtzebuerg am ëmlaaft sinn, hunn. Egal, wou een ass, iwwerall gëtt och haut nach mat Boergeld bezuelt. Och wann den Undeel ëmmer méi kleng gëtt, well vill Leit trotz Kreditkaart a Bezuelapplikatiounen um Handy net op d'Pabeiersue verzichte wëllen. Déi nei 100- an 200-Euro-Schäiner hunn dowéinst och eng ganz Rëtsch Sécherheetsmesuren integréiert, déi nei sinn oder verännert goufen. D'Smaraktzuel gouf verbessert. Déi ännert beim kippe vum Schäin d'Faarf. E Satelittenhologram gouf elo och agefouert, wat et de Fälscher onméiglech maache soll, de Schäin ze kopéieren.
Trotzdeem ginn et awer ëmmer nach ronn 1.000 Schäiner all Joers, déi als Falschgeld bei der Zentralbank oder an de Geschäfter ausgesift ginn. Och wann d'Zuel réckleefeg ginn ass, an deene leschte Joren huet een awer festgestallt, dass déi Kopien, déi opfalen ëmmer besser ginn. Wann een elo Falschgeld ënnert senge Schäiner fonnt huet, dann ass et wichteg, dass een de Schäin direkt bei d'Police bréngt. Well esoubal ee mat deem Schäin eppes bezilt, mécht ee sech strofbar, well ee Falschgeld an Ëmlaf bruecht huet. E Falsche Schäin, deen ee bei d'Police oder d'Zentralbank bréngt, gëtt net ersat. Et bleift een also op sengem Schued setzen.
A Ronn 9 Méint kommen déi nei 100- an 200-Euro-Schäiner op de Marché. Vun deem Moment u ginn d'Geldautomate just nach mat deenen neie Schäiner gefiddert. Déi sollen et deenen Onéierlechen dann nach méi schwéier maachen, d'Schäiner ze fälschen. Déi al Schäiner ginn da lues a lues aus dem Verkéier gezunn, behalen awer hire Wäert, bis dass d'Zentralbank eppes aneres decidéiert.