Spillt d'Wieder och zu Lëtzebuerg den Ament verréckt? D'Mariette Zenners an de Pierre Weimerskirch hunn enquêtéiert.

Nom aussergewéinlech dréchenen a waarme Summer, dee mer haten, engem bis elo doucen Hierscht an den extreme lokalen Iwwerschwemmungen am Fréijoer stellt sech d'Fro: Ass de Klimawandel zu Lëtzebuerg ukomm?

Musse mer eis an Zukunft méi dacks op extrem Wieder-Phenomener astellen?

Dat war d'Thema vun engem längere Reportage e Mëttwoch den Owend direkt nom Journal op der Télé.

Hei sinn Experten ze Wuert komm, Klimatologen, Hydrologen aner Wëssenschaftler, déi sech eens sinn: De Klimawandel gëtt et, Jo,  mä eenzel extrem Wieder-Phenomener kann een net engem globale Wiessel zouschousteren.

Mir waren eis ukucken, wéi d'Daten zu Lëtzebuerg gesammelt ginn, wéi eng Fuerschung hei am Land a punkto Klimawandel bedriwwe gëtt, wéi et mat der Versuergung vun eisem Grondwaasser ausgesäit, wéi gesond oder krank eis Bëscher sinn.

Mir huelen Iech och mat op d'Wiederstatioun vum Dikrecher LCD, kucken, wéi déi sougenannt Kreeslafwirtschaft dem Klima soll hëllefen a wat all eenzele vun eis ka maachen, fir d’CO2-Bilanz ze verbesseren.