
De Guy Weber mat engem Réckbléck op d’Liewe vum Grand-Duc Jean.
Een Documentaire vum Guy Weber
Produktioun: RTL 2019, 17 Minutten
E Film-Portrait gewidmet un de Grand-Duc Jean, realiséiert vum Jos Pauly fir den Trounwiessel am Joer 2000.
E Video-Dokument vum Jos Pauly
Produktioun: RTL 2000, 80 Minutten
Am Kader vun der 25-järeger Herrschaft vum Grand-Duc Jean huet RTL 1989 een Documentaire gedréint iwwer d’Liewe vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte.
Een Documentaire vum Jos Pauly
Produktioun: RTL 1989, 34 Minutten
De 26. September 1979 waren de Groussherzog an d’Groussherzogin fir een offizielle Lëtzebuerger Staatsbesuch an der Volleksrepublik China invitéiert. D’Visitt hat 9 Deeg gedauert.
E Film vum Jos Pauly assistéiert vum Gust Nussbaum a Lily Engel
Produktioun: RTL 1979, 45 Minutten
Am Kader vun der Sëlwer-Hochzäit vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte an dem Grand-Duc Jean huet RTL 1978 een Documentaire iwwer d’Groussherzoglech Famill gedréint.
E Film vum Jos Pauly mat Commentaire vum Jacques Navadic
Produktioun: RTL 1978, 34 Minutten
Den 28. Februar 1977 war de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte fir een éischten offizielle Besuch vun engem Lëtzebuerger Staatschef an Däitschland.
Commentaire vum Jean Octave
Produktioun: RTL 1977, 35 Minutten
Den 8. November 1976 hat Lëtzebuerg d’Majestéit d’Kinnigin Elisabeth II an de Prënz Philip, Duke of Edinburgh, op Staatsvisitt empfaangen. D’Visitt hat bis den 12. November gedauert.
E Film vum Jos Pauly mat Commentaire vum Jean Octave
Produktioun: RTL 1976, 38 Minutten
Vum 5. bis den 10. Juni 1975 war de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte op Visitt an der URSS.
E Film vum Jos Pauly mat Commentaire vum Nick Weber a Jean Octave
Produktioun: RTL 1975, 35 Minutten
E Summerdag am Schlass zu Bierg an am Palais.
E Film vum Jos Pauly mat Commentaire vum Jean Octave
Produktioun: RTL 1971, 27 Minutten
De Kinnek Baudouin an d’Kinnigin Fabiola haten de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte bei enger offizieller Visitt de 17. Oktober 1967 an der Belsch empfaangen.
Biller vum Edmond Zigrand mat Commentaire vum Jacques Navadic
Produktioun: RTL 1967, 22 Minutten
D’Kréinung, den 12. November 1964, vum Ierfgroussherzog Jean
Ee Film vum Jos Pauly, nei kommentéiert vum Caroline Mart
Produktioun: CLT/CNA 1964, 29 Minutten
Eng Biographie vum Grand-Duc Jean, realiséiert fir d’Geleeënheet vun der Kréinung, den 12. November 1964.
Ee Film vum René Steichen a Jacques Navadic
Produktioun: RTL 1964, 30 Minutten
D’Staatsvisitt vun der Grande-Duchesse Charlotte a vum Ierfgroussherzog Jean op d’Invitatioun vum President John F. Kennedy. D’Visitt an Amerika war vum 29. Abrëll bis de 4. Mee 1963. D’Biller si vum R. Bestgen, E. Zigrand, L. Herber a J. Cl. Mersch. Montage vum J.Cl. Delannoy an E. Michels. Commentaire op Franséisch vum Jacques Navadic .
Produktioun: RTL-CLT 1963, 55 Minutten
D’Bestietnes vun der Prinzessin Joséphine-Charlotte mam Prënz Jean vu Lëtzebuerg, de 9. Abrëll 1953 zu Lëtzebuerg.
Ee Film vum René Leclere fir Gaumont Belgique
Produktioun: Gaumont-Rank 1953, 12 Minutten
Am Kader vum 50. Troun-Jubiläum vum Grand-Duc Jean hat RTL en eemolegen Documentaire iwwer säi Liewe produzéiert. E Film mat villen Zäit-Dokumenter, mat Biller, déi nach ni gewise goufen, informativ an emotional zugläich, eng Biographie vun engem grousse Monarch, dem Grand-Duc Jean, deen eng héich Beléiftheet bei de Lëtzebuerger genoss huet.
E Film vum Jacques Van Luijk a Misch Bervard
Produktioun: RTL 2014, 110 Minutten