Zwee Fäll vun der Vullegripp goufen e Mëttwoch bei Krukerten um Houwald an zu Rëmeleng detektéiert.

Dat deelt de Landwirtschaftsministère an engem Schreiwes mat. Well och an aneren europäesche Länner d'Vullegripp verstäerkt optrëtt, erënnert d'Veterinärsinspektioun drun, datt Leit, déi Gefligel halen, dës viru wëlle Villercher solle schützen.

De Communiqué vum Landwirtschaftsministère, an deem och Sécherheetsmesure fir d' Proprietäre vun Déieren opgezielt sinn, fannt Dir hei.

E leschte Fall vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg gouf Ufank September 2021 an engem Betrib zu Ouljen registréiert. Wéi de Ministère deemools matgedeelt hat, wier de Virus an enger Amateur-Ziichterei entdeckt ginn, nodeems Déiere vun engem Maart aus der Belsch importéiert gi waren.

Et sief drun erënnert, datt de Virus an der Reegel net geféierlech fir de Mënsch ass. Dat gëllt och fir d'Consomméiere vun Eeër a Fleesch.