Dee Mann, dee mam Auto an e Grupp Leit gefuer war a säin eegene Bouf ëmbruecht hat, ass an Untersuchungshaft. E Puppelche konnt d'Klinik nees verloossen.

Um Donneschdeg den Owend huet de Parquet nei Detailer iwwer deen dramatesche Virfall vum Mëttwoch kommunikéiert. Zu Wolz war jo en Automobilist geziilt an e Grupp Leit gerannt an hat 5 Mënschen, dorënner seng Ex-Fra an hire gemeinsame Bouf, ugestouss. De Bouf vun zwee Joer hat net iwwerlieft.

De Chauffer vum Auto koum an Untersuchungshaft, géint hie gëtt elo enquêtéiert wéinst Mord an Doutschlag - op béiden Infraktioune steet liewenslaange Prisong - an och wéinst versichtem Mord a versichtem Doutschlag.

Am Communiqué vum Parquet gëtt präziséiert, datt den Alkoholtest, dee beim Chauffer gemaach gouf, negativ war, sou datt hien net ënnert dem Afloss vun Alkohol stoung, wéi hie seng Dot begaangen huet. De Beschëllegte war de Justizautoritéite virdrun och net wéinst Gewalt oder Menacë bekannt.

Wat de Gesondheetszoustand vun deene 4 anere Mënsche betrëfft, déi blesséiert goufen, präziséiert de Parquet, datt dee stabel ass. Déi 42 Joer al Ex-Partnerin vum Beschëllegten, déi aner Mamm vu 24 Joer an de Mann vun 47 Joer bleiwen hospitaliséiert.

Eng gutt Neiegkeet gëtt et awer: Dat zweet Kand, e klengt Meedche vun 10 Méint, konnt d'Spidol an Tëschenzäit verloossen.

Communiqué vun der Justiz

Suivi du parquet de Diekirch concernant les faits du 2 janvier 2019 à Wiltz (03.01.2019)

Tel qu’annoncé hier, le chauffeur qui avait percuté mercredi, le 2 janvier 2019, cinq personnes dans la rue Grande-Duchesse Charlotte à Wiltz en blessant mortellement son fils âgé de deux ans, a été entendu cet après-midi par le juge d’instruction de Diekirch sur réquisitoire du parquet de Diekirch. Le juge d’instruction a décidé la mise en détention préventive de l’auteur des faits et a ouvert une information judiciaire principalement des chefs d’assassinat (homicide volontaire avec préméditation, « Mord ») et de meurtre (homicide volontaire, « Totschlag ») et de la tentative de ces deux infractions. Les infractions d’assassinat et de meurtre sont susceptibles d’être punies de la réclusion à vie (art.393 et 394 du Code pénal).

Le juge d’instruction a en outre chargé la police judiciaire de procéder à tous les actes d'information jugés utiles à la manifestation de la vérité. Le test d’alcoolémie réalisé sur l’inculpé a donné un résultat négatif, de sorte que l’acte n’a pas été commis sous influence d’alcool.

L’inculpé n’était pas connu des autorités judiciaires pour des faits de violences ou de menaces contre les personnes.

En ce qui concerne l’état de santé des quatre personnes blessées hier après-midi, l’ex-conjointe de l'inculpé, âgée de 42 ans, une autre femme de 24 ans et un homme âgé de 47 ans, sont toujours hospitalisées et leur état est qualifié de « stable ». La petite fille de 10 mois qui avait été blessée aux côtés de sa maman, la jeune femme de 24 ans, a entre-temps pu quitter l’hôpital.

VIDEO: Fatal Bezéiungsdot zu Wolz
Papp wollt Leit ustoussen a fiert eegent Kand vun 2 Joer dout.

D'Infoe vum Mëttwoch

Grujeleg Biller an traureg Noriichte kommen um Mëttwoch de Mëtten, 2. Januar 2019, vu Wolz. Géint 15 Auer koum et op der Héicht vun der Klinik zu engem "Accident", dee sech séier als Bezéiungsdot erausstelle sollt: En Auto war express an e Grupp Passante gerannt.

Direkt huet ee mussen u Bottrop an un Essen denken, wou jo an der Silvesternuecht eng Persoun mat hirem Auto "Juegd op Mënsche" gemaach hat, esou déi däitsch Enquêteuren.

An och zu Lëtzebuerg handelt et sech net ëm en trageschen Accident, esou lescht offiziell Informatioune vum Mëttwoch den Owend.

AUDIO: D'Diane Klein, Porte-parole de l’administration judiciaire

Wat war geschitt?

An der Rue Grande-Duchesse Charlotte war am Nomëtten en Automobilist an e Grupp Leit gerannt an huet 5 Mënschen ugestouss, dorënner zwou Mamme mat Poussetten.

Eent vun de Kanner, e Jong vun 2 Joer, gouf esou schro blesséiert, datt e méi spéit u senge Blessure gestuerwen ass.

Dat anert Kand gouf schwéier blesséiert. Déi 3 erwuesse Persounen, déi zum Deel och uerg verwonnt goufen, koumen an de Centre hospitalier du Nord op Ettelbréck.

Mat Absicht ugestouss

De Chauffer, e 47 Joer ale Lëtzebuerger, war mat engem bloen Auto mat Lëtzebuerger Placken ënnerwee a koum vun der Klinik erfort. Op eemol ass e lénks op den Trëttoir gefuer. Do si grad zwou Mamme mat hire Kanner a Poussette spadséiert. Déi huet de Chauffer ugestouss a kuerz drop och nach e Mann, deen do getrëppelt ass. Du koum den Auto un d'Halen.

Kuerz virum Grupp Leit soll de Chauffer och acceleréiert amplaz gebremst hunn, esou RTL-Informatiounen.

De Mann wier dann och bewosst - de Parquet schreift "délibérément" - an de Grupp Leit gefuer. Beim Drama mat déidleche Suitte géif et sech ëm eng Bezéiungsdot handelen - "drame relationnel".

Eegent Kand ënner Affer

Am Grupp Passanten, déi ugestouss goufen, waren nämlech dem Chauffer seng Ex-Partnerin an och hiert gemeinsamt Kand. Et ass dee Bouf vun 2 Joer, deen net iwwerlieft huet.

De Mann kënnt en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter an de Parquet huet gefrot, datt géint hien wéinst Doutschlag a Mord an och versichtem Doutschlag a versichtem Mord ermëttelt gëtt.

Keen Terror

De Parquet an d'Police judiciaire waren op der Plaz. Vun offizieller Säit gëtt ënnerstrach, datt d'Dot näischt mat Terrorismus ze dinn huet an datt de Chauffer och net ënnert dem Afloss vun Alkohol stoung.

Am Asaz waren och zwee Helikoptere vun der Air Rescue, zwee Samuen, dee vun Ettelbréck an deen aus der Stad, a 4 Ambulanzen, zwou vu Wolz, eng vun Housen an eng vun Ëlwen. Ausserdeem waren d'Pompjeeë vu Wolz a vu Géisdref op der Plaz vum trageschen Tëschefall.

Déi komplett Strooss war fir länger Zäit komplett fir den Trafic gespaart.

© Police

Offiziell Informatioun

Communiqué du parquet de Diekirch concernant l'accident de Wiltz de cet après-midi (02.01.2019) Le parquet de Diekirch tient à préciser que les faits qui ont eu lieu dans l'après-midi du 2 janvier 2019, dans la rue Grande-Duchesse Charlotte à proximité de l'hôpital de Wiltz n'ont pas d'arrière-fond terroriste, mais que le contexte est celui d'un drame relationnel.

Selon les premiers éléments de l'enquête, vers 15 heures, un homme de nationalité luxembourgeoise âgé de 47 ans a heurté délibérément avec sa voiture un groupe de passants. Il y a eu 5 victimes, dont son ex-conjointe ainsi que leur enfant commun âgé de 2 ans. Ce dernier n'a pas survécu à ses blessures.

Les autres personnes blessées, parmi lesquelles un autre enfant en bas âge, sont actuellement hospitalisées.

L'auteur des faits a été arrêté et sera déféré demain après-midi devant le juge d'instruction de Diekirch qui a été requis de mener une information judiciaire notamment des chefs d'assassinat et de meurtre ainsi que de la tentative de ces infractions.

© Police