Ronn 100 Leit hu sech op der Plaz vum Accident rassembléiert, bei deem e klengt Kand ëm d'Liewe komm ass. 4 Persoune goufen Ufank Januar blesséiert.

Den 2. Januar 2019 koum et jo mëttes zu Wolz an der Rue Grande-Duchesse Charlotte zu engem trageschen Tëschefall, bei deem de klenge Calvin ëm d'Liewe komm ass.

VIDEO: Trauermarsch zu Wolz
10 Deeg nom tragesche Virfall, gouf un de klenge Calvin geduecht.

4 weider Persoune goufen op deem Dag blesséiert.