D'Logementsministesch huet betount, datt 500.000 Euro nach konnten a Polen blockéiert ginn an esou net verluer sinn.

D'Logementsministesch Sam Tanson huet en Donneschdeg de Moien op déi Fraude, op déi falsch Iwwerweisunge beim Fonds du Logement, reagéiert. Si konnt den Deputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun keng Detailer ginn. Eng Plainte gouf jo deposéiert. Intern gëtt gekuckt, wat schif gelaf ass a wat ka verbessert ginn. Éischt Ännerunge wären och scho gemaach ginn. De Verwaltungsrot vum Fong war en Donneschdeg de Moien och beieneen.

D'Ministesch konnt awer och annoncéieren, datt den zweete Virement vun iwwer 500.000 Euro, deen elo am Januar gemaach gouf, a Polen konnt blockéiert ginn. Den 1. Virement iwwer 300.000 Euro ass schonns am November gemaach ginn.

Déi iwwer 500.000 Euro sinn also net verluer, sou d'Sam Tanson, si sinn nach op der Bank an et misst een elo kucken, fir se zréckzekréien.

D'Logementsministesch huet och betount, datt déi Baufirma, déi d'Suen u sech sollt kréien, natierlech hir Rechnunge bezuelt kritt.

AUDIO: Extrait Sam Tanson

D'Reaktioune vun der Oppositioun op déi Arnaque beim Fong waren en Donneschdeg an der Chamber gemëscht.

"Wéi kann dat dote sinn?", froe sech d'CSV an den Deputéierte Marc Lies, dee sech freet, firwat keng "Alarmglocken uginn", wann op eemol eng Lëtzebuerger Firma mat engem polnesche Konnt kënnt."

AUDIO: Extrait Marc Lies

De Roy Reding vun der ADR sot, eng Persoun wär op eng Arnaque eragefall. Dat wär leider eppes, dat och an der Privatwirtschaft virkënnt. Kritik gëtt et vun him op engem ganz anere Punkt, an zwar, datt d'Justiz bis elo a sou Fäll "häerzlech wéineg" do ënnerholl huet.

AUDIO: Extrait Roy Reding

Den David Wagner vun déi Lénk huet gemengt, datt esou eppes leider geschéie kéint. Wichteg wär elo opzeklären an och ze sensibiliséieren.