
Déi nächst Woch sinn an der Chamber déi éischt Plenièren no der Summervakanz. Am Virfeld dovun organiséieren déi verschidde Fraktiounen a politesch Sensibilitéite Pressekonferenzen, wou si hir Prioritéite fir déi nächst Méint a Jore presentéieren. Do maachen och déi Lénk keng Ausnam, déi klengsten Oppositiounspartei huet de Fokus dobäi op d'Steierreform geluecht.
Esouwuel den Nach-Deputéierten David Wagner wéi och de Gary Diderich, dee fir de Marc Baum an d'Chamber noréckele wäert, hunn iwwert d'Steierreform geschwat. Woubäi ee bei déi Lénk léiwer vun enger Reform vun de Steierklasse schwätzt, well zu méi Steiergerechtegkeet géing déi geplangte Reform net féieren. No längeren Diskussiounen hätt ee sech um Enn awer dofir decidéiert, datt een an der Chamber zoustëmme wäert. De Gary Diderich erkläert firwat:
"D'Reform huet awer als Fokus, an dat muss een och soen, d'Individualiséierung, eng gesellschaftlech Reform, déi längst iwwerfälleg ass, an am Endeffekt och eng steierlech Entlaaschtung. A bei engem Vott vun dëser Reform geet et net ëm de Budget vun dëser Regierung, et geet net ëm déi gesamt Steierpolitik vun dëser Regierung, et geet ëm eng strukturell Reform vun de Steierklassen, hin zu enger Individualiséierung an et geet drëm, déi niddereg Revenuen och ze entlaaschten."
Zu deene Punkte vun der Steierreform, déi déi Lénk méi kritesch gesinn, gehéiert, datt de Steierbarème net séier genuch un den Index ugepasst gëtt.
"Dat hu mer zanter Jore gefuerdert, datt deen all Joers, also all Indextranche, da wann dat neit Joer ufänkt, automatesch un de Steierbarème ugepasst gëtt, dat heescht, den Index mat erafléisst an de Steierbarème. Och dat bréngt dës Reform net mat sech, dës Reform bréngt zwar eng automatiséiert Upassung vum Index an de Barème eran, awer well do véier Tranchen oplafe loossen", sou de Gary Diederich.
Dat géing zu enger Steiererhéijung fir déi Zäit féieren, bis déi véiert Tranche erreecht ass. Generell misst ee feststellen, datt d'CSV-DP-Regierung keen Interessi u méi Steiergerechtegkeet hätt, soss géing se déi grouss Revenuen an d'Kapitalerträg méi héich besteieren.
D'Ana Correia da Veiga, déi dem David Wagner seng Plaz am Parlament iwwerhuele wäert, ass op déi weider Theemen agaangen, op déi déi Lénk an deenen nächste Méint ee besonnesche Fokus leeë wäerten. Dozou gehéiert de Schoulsystem, wou een d'Léierpersonal am Fondamental entlaaschte wéilt:
"Zum Beispill duerch zousätzlecht administratiivt Personal um Terrain oder, och een Theema, dat och elo wäert kommen, dat ass déi Geschicht mam Zousaz-Kontingent, dat wäert iergendwann eng Kéier an der Kommissioun kommen."
Et géing ee sech donieft dofir asetzen, datt déi formal an déi non-formal Bildung zesummegeféiert solle ginn. Et war och nach d'Annonce, datt déi Lénk vun November u Spriechstonnen ubidde wäerten, wou een iwwert seng alldeeglech Problemer an deem Beräich schwätze kann. Zil wier et, d'Leit iwwert hir Rechter a Flichten opzeklären, respektiv un déi zoustänneg Servicer virunzeleeden.
Da gouf och schonn op d'Chamberwalen an zwee Joer no vir gekuckt:
"Mir sinn awer och prett dofir, datt d'Pensioun bei de Walen 2028 ee vun de Kärsujete wäert sinn. Mir waren déi Éischt, déi zu deem Theema Positioun geholl hunn a mir si prett, fir mat deem Theema an d'Walen eranzegoen."
Esou wéilt een och déi aner Parteien dozou zwéngen, scho virun de Wale Stellung ze bezéien, wéi de Pensiounssystem längerfristeg ofgeséchert soll ginn. Am Virfeld vun de leschte Wale wier dat guer keen Theema gewiescht, dowéinst wier déi rezent Reform quasi aus dem Näischt komm.