Deeler vun Terrasse fräiwëlleg ouni Damp

D'Regierung huet net wëlles, e Fëmmverbuet op Terrassen anzeféieren, d'Acteuren aus dem Horesca-Beräich kënnen dampfräi Plaze fräiwëlleg ariichten.
Nodeems Enn Januar an der Chamber déi zwou Petitiounen iwwert e Fëmmverbuet op den Terrassen, déi eng dofir an déi aner dogéint, ëffentlech debattéiert goufen, war dat Ganzt en Dënschdeg de Moien nach eemol Sujet an de Chamberkommissiounen vun der Santé an dem Mëttelstand.
Béid Kommissiounen haten den Optrag kritt, fir Conclusiounen aus deem Debat ze zéien.
Déi zwee zoustänneg Ministeren, den Etienne Schneider an de Lex Delles, waren en Dënschdeg de Moien an der Chamber an hunn den Deputéierten erkläert, dass een net wëlles hätt, fir e Fëmmverbuet op den Terrassen anzeféieren, well et och net am Koalitiounsprogramm virgesinn ass.
Allerdéngs wäert d'Regierung och net inaktiv bleiwen. Et wäert een eng Evaluatioun vum éischte "Plan tabac" maachen, deen d'nächst Joer ausleeft. Opgrond vum Fazit, wat do gezu gëtt, wéilt een dann nobesseren. Beispillsweis misst méi kontrolléiert ginn, ob de Fëmmverbuet op sensibele Plazen, wéi bei Spideeler oder Schoulen och wierklech agehale gëtt.
Derbäi kënnt eng Sensibiliséierungscampagne, déi op fräiwëlleger Basis fousst, an déi d'Acteuren aus dem Horesca-Beräich initiéiere soll, fir och op den Terrassen Plazen anzeriichten, wou net gefëmmt gëtt. Dëst sollt keng Alibi-Sensibiliséierung sinn, mä e Moyen, fir am gesonde Respekt mateneen, och op den Terrassen ëmzegoen.