Wat bedeit Staatstrauer a wéi ass déi gereegelt?

Nom Doud vum Grand-Duc Jean huet d'Regierung d'Staatstrauer proklaméiert. Bis de 4. Mee um 18 Auer ass Lëtzebuerg am Trauer.
De Lëtzebuerger wéi och den europäesche Fändel stinn uechter d'Land op Hallefmast. Mee wat bedeit d'Staatstrauer fir d'ëffentlecht Liewen am Grand-Duché? A wéi ass déi national Trauer an eisen Nopeschlänner gereegelt?
Eng Rei Pressekonferenzen a Versammlunge goufen no der Nouvelle vum Doud vum Grand-Duc Jean kuerzfristeg ofgesot. D'Entscheedung, Evenementer ofzesoen, läit awer bei den eenzelen Institutiounen a gëtt net gesetzlech festgehalen. Et gëtt hei zu Lëtzebuerg nämlech kee Gesetzestext, deen d'Staatstrauer reegelt. Et wier un der Regierung, fir d'Decisioun ze huelen, fir d'Staatstrauer ze verhänken, esou den Alex Bodry, President vun der Chamberkommissioun vun den Institutiounen.
"Also Staatstrauer ass éischter e symboleschen Akt, eng Opfuerderung, fir sech un eng Persoun ze erënneren, fir Respekt ze zollen. Mee normalerweis ginn d'Aarbechten an den ëffentleche Verwaltungen a beim Staat normal weider. Dat gëllt och fir politesch Institutiounen, déi solle weiderschaffen natierlech wärend där Zäit. Dat heescht normalerweis och dat doten. Wann et anescht wier, da muss d'Regierung dat esou decidéieren. Hei ass och ze bemierken, dass mir mam Grand-Duc Jean ganz sécherlech eng beléifte Perséinlechkeet haten, dee Grousses fir d'Land geleescht huet, mee et ass net, wéi wann et de Staatschef wier, deen nach a Funktioun gewiescht wier. Et ass e fréiere Staatschef, dee gestuerwen ass a sécherlech spillt dat och mat bäi, wann ee festleet, wat déi Staatstrauer bedeit."
Wat d'Staatstrauer genee mat sech bréngt, gëtt also och vun der Regierung festgeluecht. Nom Doud vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte am Januar 2005 gouf d'Staatstrauer fir 5 Deeg proklaméiert. De Bierger selwer, de Veräiner oder soss Organisateure vun Evenementer gëtt näischt imposéiert oder verbueden. Eng gewëss Retenue wier awer ubruecht. Déi wier jidderengem fräigestallt, esou de Service Information et Presse vun der Regierung op d'Nofro.
An eisen Nopeschlänner ass d'Staatstrauer ënnerschiddlech gereegelt. An Däitschland gëtt et zum Beispill d'Institutioun "Staatstrauer" guer net. Wéinst der federaler Struktur vun der Bundesrepublik dierf de Bund der Länder keng kollektiv Trauer virschreiwen. Ob a wéini d'Länder d'Fändelen op Hallefmast setzen, gëtt dowéinst vun den eenzele Bundeslänner selwer decidéiert. D'Fändelen op Hallefmast ze zéien, wéi et och nom Terrorattentat um Chrëschtmaart zu Berlin de Fall war, ass an Däitschland déi eenzeg üblech Form vu staatlecher Trauer.
An der Belsch kann den "deuil national" och emol mat engem fräien Dag zesummenhänken, dat ass awer éischter seelen. Fir d'Terrorattacken am Joer 2016 zu Bréissel goufen 3 Deeg Staatstrauer proklaméiert.
A Frankräich ass den "deuil national" fir d'leschte Kéier no der Terrorattack vum 14. Juli 2016 zu Nice ausgeschwat ginn. Dräi Deeg laang ass an der franséischer Republik getrauert ginn. D'Staatstrauer ass awer wéi bei eis an och an der Belsch virun allem symbolesch an domadder och net am Gesetz verankert.