Perséinleche Message"Papa, mir soen Dir vun Häerze Merci"

RTL Lëtzebuerg
Um Dag vum Begriefnis vum Grand-Duc Jean huet de Grand-Duc Henri sech mat engem ganz perséinleche Schreiwes un d'Vollek geriicht. Titel: "Iwwer mäi Papp".

Et ass en zudéifst mënschleche Geste: An engem perséinleche Message um Dag vum Begriefnes vum Grand-Duc Jean seet och de Grand-Duc Henri sengem Papp e leschten - ganz perséinlechen - Äddi.

De Message vum Grand-Duc Henri resuméiert vum Roy Grotz

“Iwwer mäi Papp” - sou ass dee Message vum Staatschef iwwerschriwwen - Wierder, déi beschreiwen, wéi vill de Grand-Duc Jean fir seng Famill bedeit huet - ee Mann, deen tëscht 1964 an dem Joer 2000 un der Spëtzt vum Land stoung, dee 5 Kanner, 22 Enkelkanner a 15 Urenkel hannerléisst. Wéi de Grand-Duc Henri iwwer säi Papp schreift, wier hien en aussergewéinlech positive Mënsch gewiescht. Bis kuerz viru sengem Doud hätt hie sech fir alles begeeschtert an hätt nach drop gehalen, Ausstellunge kucken ze goen.

Dem Grand-Duc Jean säi Liewe wier markéiert vu senger Léift zur Heemecht an der grousser Verbonnenheet mat sengem Vollek. D’Krichserliefnesser hätten zu enger exzeptioneller Complicitéit zu senger Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte, gefouert.

Wéi de Grand-Duc Henri ganz perséinlech schreift, wieren déi ganz vill Leit, déi sengem Papp déi lescht Éier erwisen hätten, eng vun deene wichtegsten Erfarungen a sengem Liewe gewiescht.

Och ganz perséinlech schreift de Staatschef u säi Papp, datt hien un dat Gutt an all Mënsch gegleeft hätt.

An da schléisst de Grand-Duc Henri mat engem leschten Erliefnes um Stierfbett:

Zwee Deeg, éier hien eis verlooss huet, huet hien all deene Merci gesot, déi sech mat vill Devouement ëm hie bekëmmert hunn. Hien huet eis dunn och Äddi gesot.

Seng lescht Wierder hunn nach eng Kéier seng Gréisst a seng Suerg fir seng Matmënsche gewisen. Hien ass friddlech entschlof no engem erfëllte Liewen.

De Message u säi Papp schléisst de Grand-Duc Henri einfach a gefaasst - sou wéi e Jong, dee sengem Virbild e leschten Äddi seet: “Merci Papa, Mir soen Dir vun Häerze Merci fir alles, wat s Du fir eis gemaach hues.”

Ënnerschriwwen: Henri

PDF: Un message personnel de Son Altesse Royale le Grand-Duc adressé à la population à l’occasion des funérailles de son père, Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean.

Back to Top
CIM LOGO