
Fir eng éischte Kéier a senger Funktioun ass de Grand-Duc Guillaume de Centre National d'Incendie et de Secours zu Gaasperech besiche gaangen an huet bei senger Visitt dem Generaldirekter vum CGDIS offiziell den neie Corpsfändel iwwerreecht. Am Kader vun der Zeremonie stoung awer och eng wichteg Passation de commandement am Mëttelpunkt, nämlech de Wiessel un der Spëtzt vum CIS Lëtzebuerg. D'Annick Baustert huet de Poste vum Chef vun de Stater Pompjeeë vum Colonel Serge Heiles iwwerholl, deen no 35 Joer am Déngscht an d‘Pensioun geet.
No der Arrivée vum Grand-Duc huet d'Zeremonie mat der Entrée vum neie Corpsfändel ugefaangen. Dëse Fändel symboliséiert d'Identitéit an d’Eenheet vum CGDIS a soll gläichzäiteg och d'Unerkennung fir d'Aarbecht vun de Rettungs- an Noutdéngschter am Land ënnersträichen. Den neie Fändel wäert bei alle groussen Zeremonië vum CGDIS matgeholl ginn an huet eng Rei intressant Symboler an Detailer, déi d'Geschicht, d'Missioun an d'Wäerter vun de Rettungsdéngschter representéieren, wéi de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder erkläert:
"Eis Gréisst ass zum Beispill 112 op 112 Zentimeter, wéinst der Noutruffnummer evidenterweis. Et ass eeben och d‘Symbolik vun der Zesummeféierung vun all deenen Unitéiten am Kader vum CGDIS, wou mir jo 2018 d‘Reform gemaach hunn an all d‘Pompjeescorpsen aus dem Land, plus d‘Protection civile, d‘Fluchhafepompjeeën, Samu, Stater Beruffspompjeeën an eng Unitéit integréiert hunn, an de Fändel symboliséiert déi Unitéit. An am Kader vum Trounwiessel hu mir profitéiert, engersäits de Monogramm vum Grand-Duc Guillaume op de Fändel ze maachen an dann eeben och déi véier nei Wäerter um Fändel ze veréiwegen."
De CGDIS huet iwwerdeems hir Charta mat de Wäerter, déi si vertrieden, iwwerschafft a 4 nei Valeuren definéiert, déi d‘Aarbecht an d‘Communautéit vun de Rettungsdéngschter charakteriséieren: "Do hu mir engersäits den Engagement, mir hunn iwwer 7.000 Memberen am CGDIS, Fräiwëlleger an Haaptberufflecher, déi sech all duerch ee grousst Engagement auszeechnen. Dann hu mir déi professionell Astellung. Dat ass, ob ee fräiwëlleg oder haaptberufflech ass, ass et, wéi eng Astellung een zu senger Aarbecht huet. Dann hu mir Zouverlässegkeet, dat ass wat d‘Leit dobaussen erwaarden, dass wa si den 112 ruffen, dann och Hëllef kënnt. An zu Lescht dann och d‘Solidaritéit. Solidaritéit ënnerteneen natierlech, dass een deem aneren hëlleft. Pompjeesaarbecht ass ëmmer Ekippenaarbecht, awer natierlech och d‘Solidaritéit mat der Gesellschaft dobaussen."
Nieft der offizieller Iwwerreechung vum Fändel stoung och e wichtege Wiessel un der Spëtzt vum CIS Lëtzebuerg am Mëttelpunkt. No 35 Joer am Déngscht an iwwer enger hallwer Millioun Asätz geet de Colonel Serge Heiles den 1. Juni an d'Pensioun a gëtt vum Majouer Annick Baustert als Cheffin vun de Stater Beruffspompjeeën ersat.
D'Annick Baustert ass domat déi éischt Fra, déi esou eng Positioun iwwerhëlt. Ënnerstëtzt gëtt si dobäi vum Chris Monzel als neie Chef de centre adjoint. Béid kruten e Mëttwoch op der Zeremonie offiziell hir Insignë vun der Funktioun iwwerreecht.