Et ass e speziellen, wéi och trauregen Dag. De Grand-Duc Jean gouf e Samschdeg de Moien an der Kathedral bäigesat.

Zanter dem 23. Abrëll gouf getrauert, geduecht an et gouf dem fréiere Staatschef déi lescht Éier erwisen. Um Samschdeg, 4. Mee, ass déi grouss Trauerzeremonie, de leschten Adieu.

Géint 10 Auer huet den Depart vum Defilé vun den nationalen Autoritéite vum Palais a Richtung Kathedral ugefaang. Kuerz no 11 Auer huet dunn och den Trauercortège mat der Lued op der "Lafette" sech a Beweegung gesat, hannendrun d'Famill vum Grand-Duc, déi de Verstuerwenen op sengem leschte Wee begleet huet.

RTL

Um 11.27 Auer ass d'Lued an der Kathedral ukomm an um Punkt 11.35 Auer huet d'Mass ugefaang.

Um Ofschloss vun der Mass géint 13 Auer gouf d'Lued aus der Kathedral an d'Krypta gedroen, dat just a Begleedung vun der enker Famill. D'Krypta bleift éi nächst 3 Deeg awer fir de Public op, vun 10 bis 12 a vu 14 bis 19 Auer.