Géint d'VergiessenSchüler kréien en Abléck an de Zweete Weltkrich

Chris Meisch
Wéi hunn d'Leit den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg erlieft? Mat där Fro hunn sech e Freideg eng Ronn 90 Schüler aus dem Cycle 4 beschäftegt.

D’Manifestatioun "Eis Heemecht am Krich – 1940–1945" soll de Jonken d'Geschicht méi no bréngen, ouni de Krich ze verherrlechen.

Op engem ale Bauerenhaff zu Suewelbuer, um Kelleschhaff an um Grewenhaff tauchen d'Schüler an d'Zäit vum Zweete Weltkrich an. Si entdecken dobäi ënner anerem den Alldag vun den Zaldoten, d'Liewe vun der Zivilbevëlkerung an d'Geschichte vun de Refractairen, also de Lëtzebuerger, déi sech der Zwangsrekrutéierung an d'däitsch Wehrmacht entzunn hunn. Fir de Christian Wagener, President vun der Quadriga asbl, geet et virun allem drëm, de Jonken d'Geschicht op eng konkret Manéier méi no ze bréngen.

Schüler kréien e liewegen Abléck an de Zweete Weltkrich / Rep. Chris Meisch

"D’Haaptzil ass géint d’Vergiessen an och de Leit ze vermëttelen, déi Ängscht, wou déi Leit am Krich erlieft hunn, dass eppes kéint geschéien. D'Schüler sinn elo déi Erwuesse vu Muer, a wann een déi, op eng verstänneg a propper Art & Weis mam Volet Zweete Weltkrich konfrontéiert, dass si verstinn, dass et keng Selbstverständlechkeet ass, dass mir kënnen a Fridde maachen an och soen, wat ee well."

Mat ale Militärgefierer ginn d'Schüler tëscht den Ateliere vun engem Site op deen aneren transportéiert. Dobäi erliewe si op dräi verschiddene Plazen, wéi de Krich d'Liewe vun de Mënschen zu Lëtzebuerg gepräägt huet. Déi praktesch Ateliere schéngen dobäi hiert Zil net ze verfeelen.

  • "Et mëscht och een Ënnerscheed op een e Buch liest, hei hu si bëssi méi gewisen, et huet ee méi gesinn, wéi een an engem Buch gesäit."
  • "Déi Persounen déi et selwer erlieft hunn, oder Verwandschaften, déi et selwer erlieft hunn, da kënnt dat vill méi lieweg eriwwer, wéi wa mir et an der Geschicht am Klassesall hunn, well da wiere mir dat hei alles net gewuer ginn."
  • "Et war wierklech schlëmm, déi Saachen déi mir hei gewuer goufen, zum Beispill waren um Haff 41 Männer gefall."
  • "Et war richteg cool gewiescht, mir hu wierklech esou an déi Welt eragebléckt, wéi et soss war."
  • "Well ech richteg gesinn hunn, wéi et fréier war, an dass et net esou léif war, wéi Haut.”

Fir dëst Verständnis ze vermëttelen, setzen d'Organisateuren op authentesch Géigestänn, historesch Plazen a Rekonstruktiounen. Dobäi geet et net drëm, de Krich ze verherrlechen, seet de Christian Wagener, mee de Jonken ze weisen, wéi de Krich d'Liewe vun de Mënsche gepräägt huet.

"Mir kënnen eis explizéieren, dass et fir eis Living History ass géint d’Vergiessen, dass et näischt mat Krichsverherrlechung ze dinn huet, näischt mat Waffen oder marschéieren oder Zaldot spillen. Nee, et ass carrement Living History géint d’Vergiessen."

Fir vill Schüler ass d'Geschicht esou op eemol vill méi intressant a konkret ginn.

Back to Top
CIM LOGO