Aus dem PolicebulletinEng Partie Leit hate Besuch beim Untersuchungsriichter, nodeems se geklaut hunn

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem huet d'Police e puer Mol an der Stad an op der Wemperhaart missen no Déifställ agräifen.
© RTL Archiv

D'Police huet e Samschdeg den Owend e Mann festgeholl, deen an engem Restaurant an der Uewerstad eppes geklaut hat. En Zeien war dem Onéierlechen nogaangen, bis d'Beamten den Täter an der Avenue Monterey gestoppt hunn. De Mann gouf dann och vun de belschen Autoritéiten gesicht. Hie hat de Moien Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Op der Wemperhaart sinn zwee Täschendéif an engem Akafszenter gepëtzt ginn, déi haaptsächlech Kleeder a Butteker geklaut haten. D'Sécherheetspersonal konnt déi zwee Männer stoppen. Och si koumen op Uerder vum Parquet e Sonndeg de Moien virun den Untersuchungsriichter.

E Samschdeg de Moien gouf an der Géigend vun der Stater Gare en Auto geklaut. Am Kader vun Ermëttlunge konnt d'Gefier nach de selwechten Dag an der Hollerecher Strooss erëmfonnt ginn. Eng verdächteg Persoun gouf festgeholl a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO