Online-Pirate-PolemikPirate geheie Reporter.lu Fake-News vir, Clement wëll nuancéieren

François Aulner
Kevin Kayser
An engem weidere Sujet sinn dann d'Pirate viséiert, fir Ligen oder "Fake-News" iwwert déi sozial Medie verbreet ze hunn.

Sven Clement reagéiert op Kritik / Reportage François Aulner

Den Deputéierte vun de Pirate Sven Clement ass partei-intern intervenéiert, nodeems d’Piraten "Bezierk Süden" op Facebook dem Onlinemagasinn reporter.lu "Fake-News" virgehäit hunn: Reporter.lu wier gelenkt vun eegenen Interessien, fir der Partei ze schueden.

Den Artikel vun de Piraten op Facebook gouf drastesch modifiéiert. Elo steet notamment do, d’Pirate wieren „ze onbequem, fir eng politesch Elite hei am Land“.

De Sven Clement kritiséiert trotzdeem och Reporter.lu, well hir Artikelen deels Meenung an och gesponsored wieren (Note vun der Redaktioun: Gesponsered bedeit an dësem Fall, datt Reporter.lu Facebook bezuelt huet, fir datt den Artikel méi Leit erreecht).

Am RTL-Interview gëtt hien awer och zou, datt hien „net déi allerbescht Kollegen“ ass mam Deputéierte Marc Goergen a mam Kandidat fir d'Europawalen Daniel Frères. Hie kéint awer mat jidderengem schwätzen, sou de Piraten-Deputéierten. No den Europawalen ass och e Parteikongress an do wäerte sou Saachen thematiséiert ginn.

Luxprivat selwer huet e Méindeg de Moie behaapt, de Sven Clement hätt d’Boulevardblat 2017 probéiert z’iwwerzeegen, méi iwwert hien ze schreiwen. De deemolege President vun de Pirate soll bereet gewiergt sinn, hinne Fotoe vu senger Hochzäit zouzespillen. De Sven Clement seet dozou: „ech géing net alles gleewen, wat do geschriwwe gëtt“.

De kompletten Interview mam Sven Clement

#zerowaste: Och Pirate kréie Fake-News virgehäit

E weidere Post op Facebook vun de Pirate suergt dann aktuell och fir Diskussiounen. Hei gëtt deene Grénge virgehäit, datt si an der Chamber géint d'Propos vun de Pirate gestëmmt hunn, datt bis 2020 all Haushalt soll eng gréng Poubelle hunn an esou säin Dréck soll besser kënnen trennen.

D'Deputéiert vun déi Gréng, Stéphanie Empain, huet op de Post vun de Pirate reagéiert an e relativéiert. Déi Gréng hätten net fir d'Propos vun de Pirate gestëmmt, well een ebe selwer eng Motioun agereecht huet, déi, den Aussoe vun der Deputéiert no, méi komplett wier. Dowéinst wier d'Propos vun de Piraten iwwerflësseg gewiescht. Dëst ass awer en Detail, deen am originale Post vun de Piraten net ze fannen wier.

Back to Top
CIM LOGO