
E puer honnert Logementer am Land gi via d'Online-Plattform AirBnB verlount. Reglementéiert ass dat Ganzt bis ewell zu Lëtzebuerg net. D'Gemeng Mamer wëll elo eng Tax fir esou Locatiounen aféieren. Domat wéilt een AirBnB net de Krich erklären, et wéilt een d'Aktivitéiten einfach am Ae behalen.
Et wier een op AirBnB-Aktiviéiten an engem Eefamilljenhaus an engem Mamer Wunngebitt opmierksam gemaach ginn, esou de Buergermeeschter Gilles Roth. A Wunngebidder si just verschidden Typpe vun Haiser erlaabt, wou een awer net méi Stéit kann dran hunn.
E Verstouss géint d'Bautereglement, deen een als Gemeng och un de Parquet weidergëtt. Ass et awer an enger anerer Zone, eng "mixte urbaine", esou déi d'Arelerstrooss zu Mamer, ass dat kee Problem.
Mat der Tax wéilt een AirBnB net verbidden. D'Iddi ass, datt d'Leit dësen AirBnB op der Gemeng mellen an der Gemeng eng Tax vun 3 Prozent vum Präis vun der Locatioun bezuelen.
Et hätt een als Gemeng Mamer mat den zoustännegen Zerwisser vum Inneministère geschwat an et geet een dovunner aus, datt déi Tax geneemegt gëtt.
Et ass eng Zort taxe de séjour, déi och fir d'Hotellen an der Gemeng wäert gëllen, ee Betrib ass do concernéiert. Dofir gesäit d'Horesca d'Iddi vun der Gemeng Mamer mat gemëschte Gefiller. De Generalsekretär François Koepp erkläert datt, et wuel positiv ass, datt een déi "Iwwernuechtungstax" fir AirBnB aféiert. Donieft gëllt se dann awer och fir déi regulär Hotellen, wat d'Horesca éischter negativ gesäit.
Et hätt ee prinzipiell näischt géint AirBnB-Aktivitéiten an et wéilt een déi net verbidden, seet de François Koepp
Allerdéngs kéint et net sinn, datt d'Konkurrenz-Situatioun net fair ass. D'Hotellerie misst strikt Obligatiounen anhalen a bei AirBnB-Aktivitéite bräicht ee sech un näischt ze halen.
Dat gesäit och den Tourismusminister Lex Delles e bëssen esou. Et misst een op alle Fall den Ënnerscheed maachen tëscht der „sharing economy“, wou een e fräit Zëmmer bei sech doheem fir eng Zäit verlount, an op där aner Säit zum Beispill permanente Locatiounen, déi am grousse Stil gemaach ginn.
Déi meeschten AirBnB-Aktivitéite gëtt et iwwregens an der Gemeng Lëtzebuerg.
Et ass net geplangt, fir se à court terme ze legiferéieren. Ma de Ministère wëll awer zesumme mat der Gemeng Lëtzebuerg an AirBnB selwer eng detailléiert Analyse maachen an dann, wann néideg, reagéieren. Et muss ee kucken, wat den Impakt ass a wéi eng Wunnenge betraff sinn. A wann et dann Iwwerhand hëlt, seet de Lex Delles, muss ee reagéieren. Net gewënscht ass hei zum Beispill, wann Wunnenge geholl ginn, fir quasi en Hotel doraus ze maachen, deen awer net als esou een gekennzeechent ass.
De Lex Delles wëll op alle Fall net déi generell Recommandatioun erausginn, datt aner Gemengen d'Tax, wéi Mamer se plangt, och sollen aféieren. De Minister betount, datt och hien net géint AirBnB-Aktivitéiten ass, dës géingen eng nei Zort Tourismus op Lëtzebuerg bréngen.
Op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten Sven Clement äntweren iwwerdeem d'Ministeren Gramegna, Schneider an Delles, datt d'Akommes, dat deen, dee seng Wunneng am Kader vum AirBnB verlount, muss an der Steiererklärung uginn. Dee Revenue géif dann als "kommerziell Aktivitéit" an der Kategorie 1 besteiert ginn.
D'Ministere si sech awer eens, datt et musse kloer verständlech Critère ginn, un deene ka festgehale ginn, ob a wéini eng Locatioun als "professionell Aktivitéit" ka bezeechent ginn oder net.
An den nächste Méint ass et um Mëttelstandsminister Delles fir ze préiwen, ob muss legiferéiert ginn. Eng Etüd iwwert den Impakt vu Locatiouns-Plattforme wéi AirBnb ass iwwerdeem um Punkt fir fäerdeg ze ginn a soll op Echange-Workshoppe virgestallt an diskutéiert ginn.