Journalisten-Associatioun bedauert "brutalen Arrêt" vum Jeudi

Dësen Donneschdeg kënnt de Jeudi iwwerdeem mat enger ganz spezieller "Une" eraus: op komplett schwaarzem Hannergrond stinn d'Datumer 1997-2019. Eng Zort Doudesannonce also. / © Facebook Jacques Hillion
Editpress huet en Dënschdeg ugekënnegt, mat der franséischsproocheger Wochenzeitung opzehalen. Déi lescht Titelsäit ass ganz schwaarz mat enger Epitaph.
D'Lëtzebuerger Associatioun vun de professionelle Journalisten ALJP bedauert, datt déi frankophon Wochenzeitung "Le Jeudi" vun engem Moment op deen aneren huet missten zougemaach ginn. Dësen Donneschdeg kënnt jo déi leschten Editioun vun der Zeitung eraus.
Wéi et an engem kuerze Schreiwes vun der Gewerkschaft heescht, géif d'ALJP hoffen, datt de Verwaltungsrot vun Editpress an Zukunft esou Situatioune géif evitéieren. Et géif ee bedaueren, datt ee franséischsproochege Medium géif verschwannen, deen domadder ee Lach an de Medielandschaft zu Lëtzebuerg géif hannerloossen. Virun allem gëtt d'Solidaritéit mat den 11 concernéierte Journalisten ausgedréckt.
Wéi et an engem Schreiwes vun der Gewerkschaft heescht, géif d'ALJP d'Negociatiounen fir de Sozialplang fir d'concernéiert Personal vum "Jeudi" genee suivéieren, ëmsou méi, well den OGBL als gewerkschaftleche Vertrieder vum Personal och den Haaptaktionär vum Mammenhaus Editpress wier.
Och de Presserot bedauert et, datt de Jeudi ophéiert z'existéieren. Dëst wier eng Perte fir en intelligenten a pertinente Journalismus am Land. D'Decisioun, fir d'Publikatioun net weider z'editéieren, wier de Contraire dovunner, fir eng Offer vu pluralistesche Medien zu Lëtzebuerg z'assuréieren.
Dee leschte Jeudi huet en Donneschdeg eng ganz schwaarz Titelsäit, mat als Epitaph de Liewensdatumen ...
De Communiqué vun der ALJP um Mëttwoch
Suite à l’arrêt brutal par le groupe de presse Editpress de l’hebdomadaire francophone Le Jeudi, l’ALJP
- Exprime sa solidarité avec les collègues journalistes qui devront faire face à un plan social.
- Déplore que la maison-mère n’ait pas su éviter ledit plan social et que des journalistes aguerris se retrouveront sans emploi sur un marché du travail compliqué pour leur profession.
- Regrette la disparition d’un média francophone qui laissera un trou béant dans le paysage médiatique luxembourgeois et impactera la pluralité des médias au Luxembourg.
- Vu que le syndicat représentant le personnel est aussi l’actionnaire principal de la maison-mère Editpress qui a déclenché ce plan social, va suivre de près les négociations.
- Espère que conseil d’administration d’Editpress veillera à éviter des situations similaires au futur et que le recours au plan sociaux s’arrêtera là.
Communiqué par le comité de l'ALJP
Och de Premier bedauert dës Entwécklung a mécht en Appell fir ee Pluralismus vun de Medien
Leschte "Jeudi" de 6. Juni

Den Donneschden ass den D-Day, da kënnt déi lescht Editioun vun der Wochenzeitung "Le Jeudi" eraus.
Wéi Editpress en Dënschdeg den Owend annoncéiert huet, géif een d’Zeitung, déi op Franséisch ass an déi - wéi den Numm et seet - ëmmer donneschdes erauskomm ass, astellen. Dat wier eng Decisioun vum Verwaltungsrot, nodeems d'Press ëmmer méi mat der Online-Offer konfrontéiert wier. D'Annoncë wieren ëmmer méi dohinner gerutscht, esou datt de Revenu vum "Jeudi" zeréckgoung an dat konnt och net duerch Recetten iwwert Abonnementer opgefaange ginn.
Bei der leschter TNS-Ilres-Etüd koum eraus, datt de Jeudi 26.700 Lecteuren d'Woch hat. Zanter 1997 koum de Jeudi all Donneschden eraus.

Schreiwes vun Editpress en Dënschdeg
L’hebdomadaire Le Jeudi cessera de paraîtreEsch-sur-Alzette, le 4 juin 2019 – Editpress Luxembourg S.A. est au regret d’annoncer l‘arrêt de la publication de l’hebdomadaire Le Jeudi. La dernière édition du journal en langue française fondé en 1997 paraîtra le 6 juin 2019.
La décision d’arrêt, prise en ce jour par le conseil d’administration de la société, fait suite aux changements fondamentaux auxquels la presse doit faire face avec l’avènement d’Internet. La publicité, longtemps principale source de revenus de la presse, s’est ainsi largement déplacée vers la sphère numérique, en premier lieu les opérateurs mondiaux de la recherche et des médias sociaux. Le Jeudi n’a dans ce contexte malheureusement pas réussi à compenser le recul de ces revenus par une hausse des recettes d’abonnements de lecteurs.
Conscient de la responsabilité sociale de l’entreprise, la direction d’Editpress entrera en discussions avec la délégation du personnel et le syndicat représentatif dans la société.
Editpress remercie la rédaction de Le Jeudi, dirigée par le rédacteur en chef Jacques Hillion, pour son engagement exemplaire.
Editpress Luxembourg S.A., établi à Esch-sur-Alzette, est la société éditrice du quotidien Tageblatt, fondé en 1913, et de l’hebdomadaire Le Jeudi. La société opère un centre d’impression de journaux dans la zone d’activité Sommet. Editpress détient en outre des participations dans les sociétés éditrices des journaux Le Quotidien et L’Essentiel ainsi que du magazine Revue, notamment.