Dat war d'Conclusioun e Mëttwoch den Owend op enger Informatiounsversammlung zu Boxer fir déi concernéiert Bierger aus de Gemenge Klierf a Wëntger.

An der Industriezone „Op der Sang“ soll jo eventuell eng Holzverbrennungsanlag gebaut ginn, ma d'Gemengen haten scho hire Veto ageluecht an d'Biergerinitiativ „Gesond an d'Zukunft asbl“ huet de Leit hir Suerge matgedeelt a punkto Emissiounen, Waasserverbrauch a Nohaltegkeet. D'Annick Goerens war am Éislek de Bols fillen.

AUDIO: Biergerversammlung Energiezentral Lenzweiler: Annick Goerens

An deen dierft Owes bei 28 Grad an engem iwwerfëllte Sall mat knapp 150 Leit dem engen oder aneren méi héich geschloen hunn. Zwou an eng hallef Stonn huet keen an dem klenge Festsall zu Boxer sech geréiert. De Gemengepapp vu Wëntger an den Deputé-Maire vu Klierf, sou wéi 2 weider Deputéiert aus dem Norden an eng ganz Rei Lokalpolitiker waren nieft ville Bierger op der Plaz.

RTL

Spéitstens no der Presentatioun vun engem belschen Expert, dee sech zu Kaiserbaracke an der Belsch och an enger Biergerinitiativ géint esou eng Anlag staark gemaach huet, gouf ville Leit kloer: „dat do huet keng Plaz hei am Éislek“.

„Ech mengen, dass elo Zäit ass fir eppes ze maachen an net wa se do steet, wéi de Kolleg aus der Belsch gesot huet. Déi mussen elo géint eppes kämpfen wat do steet an dat ass natierlech eng aner Nummer.“ (Marc Zoenen)

„Sou wéi si dat soen, do kéint een et well e bëssen mat der Angst ze dunn kréien ne? D'Gesondheet, dat ass jo awer ganz wichteg, well haut ginn et jo nëmmen Krankheeten. Krebs... stoung jo och um Blad. Dass  mer ëmmer méi des kréien... Nee!“ (Georges Arendt)

„Ech sinn ganz besuergt fir eis Regioun hei. Mee ech sinn awer och besuergt, wann dës Holzverbrennungsanlag net hei gebaut gëtt, wou kënnt se dann hin? Op se op enger aner Plaz hei zu Lëtzebuerg kënnt oder bei eis Noperen, well dann ass et trotzdem nach eisen Problem“. (Lara Bertemes)

„Dass dat op d'Gesondheet schloen kann, dat mëscht mer schonn e bësselchen Angscht, jo.“ (Robert Schanen)

An déi Zuelen déi an der Presentatioun vun der Biergerinitiativ genannt ginn, sinn alles anescht wéi harmlos. Si baséieren engersäits op Etüden an dem Kommodo an anerersäits op réel Moosswäerter aus dem Ausland.

De President vun der ASBL, Ben Ansay: Déi Chifferen sinn alarmant an do sinn mer alt erëm, t'ass komesch, beim Waasser wéi an anere Regiounen hei am Land. Dat heescht, déi Donnée déi mir am Fong geholl hunn an déi och am Dossier stoungen vum Kommodo. Do ginn 90,7m3 Waasser/Stonn. Dat sinn am Joer ongeféier 750.000m3 Waasser. Dat ass souvill wéi am Fong d'Awunner vun der Gemeng Klierf an der Gemeng Wëntger zesumme ronn 10'000 Leit an engem Joer verbrauchen.

Trotzdeem huet den Aarbechtsministère seng Autorisatioun ginn. D'Buergermeeschteren Emile Eicher an Marcel Thommes hunn awer nach eemol affirméiert, dass si strikt dogéint sinn.

De Ball läit elo beim Gemengesyndikat vum Klierfer Kanton, dem Sicler, deem d'Terraine gehéieren wou d'Fabréck kéint gebaut ginn. President a Vize-President vum Sicler sinn d'Buergermeeschtere vu Klierf a Wëntger. A si hunn hiert Verspriechen de besuergte Bierger offiziell ginn: KENG Energiezentral op Lenzweiler.