respect.luLëtzebuerger Zenter géint Radikalisatioun prett, fir Ex-IS-Kämpfer opzehuelen

RTL Lëtzebuerg
Gemengt sinn déi IS-Kämpfer, déi aus Krichsgebidder zréck op Lëtzebuerg kommen, sot d'Directrice vu respect.lu der Press géintiwwer.
© Tom Zeimet

Zwee Joer gëtt et dës Plattform elo schonn. Bis ewell huet sech d'Aarbecht op d'Präventioun limitéiert. Elo wëllen déi Responsabel den nächste Schratt huelen.
E Familljemember oder e Kolleg mierkt, dass säi Bekannten ëmmer méi radikal Iwwerzeegungen entwéckelt. Rietsradikal, islamistesch: all Form vu Radikaliséierung. E kann sech Hëllef bei respect.lu sichen. Do hunn aktuell véier Psychologen en oppent Ouer. Déi probéieren, de Kontakt mat der concernéierter Persoun ze sichen. 29 mol war dat zejoert de Fall. D'Directrice Karin Weyer präziséiert: ''Vun deene Situatiounen, mat deene mir befaasst waren, ware 57 Prozent aus dem islamistesche Spektrum, 3 Prozent aus dem rietsen Eck, 23 Prozent aner politesch oder reliéis Ideologien a 17 Prozent hu mir net kënnen anuerdnen.''

D'Ekipp vu respect.lu hätt mat verschiddene Concernéierte geschafft. Et hätt och Fäll ginn, wou een d'Police an d'Justiz informéiert hätt, well een e Geforepotential erkannt hat, esou d'Directrice. Stéchwuert radikalen Islamismus: den Ausseminister Jean Asselborn ass net schaarf op e Retour vum Portugisesch-Lëtzebuerger IS-Kämpfer Steve Duarte. Hie gesäit d'politesch Responsabilitéit bei Portugal. Dozou d'Karin Weyer: ''Wat ee soe muss: déi Leit, déi a Syrien goungen, sinn eises Wëssens no hei grouss ginn. Do kann ee sech scho froen, wat fir eng Gesellschaft dat ass, déi seet, mir wëllen déi net zeréck. Dat ass net un eis, déi Decisioun ze huelen. Mir kënnen eis just drop virbereeden, an dat maache mir, a mir sinn dann och prett an ech denken och capabel, sou Leit en charge ze huelen.''

D'Schwieregkeet heescht Deradikalisatioun. De Betraffene wärend an no senger Strof op en neit Liewen an der oppener Gesellschaft preparéieren. Déi Kompetenze wëll een ausbauen an zwar mat Hëllef vun engem Expert aus Däitschland, dem Thomas Mücke, Diplom-Pedagog a Politolog, deen dofir plädéiert, jidderengem, och Ex-IS-Kämpfer, eng zweet Chance ze ginn: ''Gerade junge Menschen kommen aus dem Extremismus- und Gewaltbereich ganz gut wieder raus, wenn man die Arbeit richtig ansetzt. Bei Einzelnen muss man gut aufpassen. Da ist es auch für uns wichtig, eng mit der Polizei zusammenzuarbeiten.''

Fir dëst Joer hat respect.lu iwwregens scho 25 Fäll.

Back to Top
CIM LOGO