D'Police wäert am Laf vum Joer 4 weider elektresch Autoe kafen, dat krut RTL e Mëttwoch confirméiert. Et wier fir administrativ Zwecker.

Esou wiisst den elektresche Fuerpark vun der Police op 10 Gefierer. Den Ament huet d’Police de Route zwee Tesla S'en, zwee elektresch Golf'en, déi fir Patrullen agesat ginn an zwee weiderer fir den administrative Gebrauch. Dat Ganzt gëtt am Kontext vun engem Pilotprojet gesinn, insgesamt huet d’Police iwwer 800 Autoen.