Op der portugisescher Télé"Ech wëll zeréck op Lëtzebuerg", sou de Steve Duarte

RTL Lëtzebuerg
An engem Interview fir déi portugisesch Téléschaîne RTP huet de Steve Duarte betount, dass hie schonns virun 3 Joer versicht hätt, den IS ze verloossen.
© RTP

Hie wär esou ze soen, fir d’Propaganda beim IS zoustänneg gewiescht. Hie wär ni bei Exekutiounen derbäi gewiescht.

Wärend dem Gespréich ass Rieds gaange vun anere portugiseschen Dschihadisten, deenen hie begéint wär. 2014 ass de jonke Mann vun haut 32 Joer bei de selwer ernannten Islamesche Staat gestouss.

Am Mäerz dëst Joer ass hie vu kurdesche Milizen zu Baghuz festgeholl ginn. Hien befënnt sech den Ament a kurdescher Gefaangeschaft.

De Steve Duarte huet am Interview ënnerstrach, dass hien zu Lëtzebuerg op d’Welt komm ass, dass hien eng Fra an 2 Kanner hätt an dass him seng Mamm, seng Groussmamm a seng Tatta géinge feelen.

De Familljepapp hätt senger Mamm e Bréif vu 4 Säiten zoukomme gelooss. Hie wéilt och zréck op Lëtzebuerg, fir mat senger Famill e normaalt Liewen ze féieren. Hien entschëllegt sech fir seng Akten an ass prett, eng Prisongsstrof ofzesetzen. Zu Lëtzebuerg ass eng Instruktioun géint de Steve Duarte opgemaach ginn. De jonke Mann ass vu Lëtzebuerg aus an den "hellege Krich" gezunn an géif dowéinst hei am Land kënnen de Prozess gemaach kréien.

Bemierkungen zum 2. Interview vum Steve Duarte vum Mëttwoch, 24. Juli 2019

Den Interview, deen déi ëffentlech portugisesch Chaîne RTP um Mëttwoch den Owend diffuséiert huet, ass deen zweeten Interview vum Steve Duarte bannent engem Mount.

Den 27. Juni hat de portugiseschen Staatsbierger mat Lëtzebuerger Wuerzelen schonns dem kurdeschen Sender rudaw en Interview ginn.

D’Erzielstruktur vum Steve Duarte ähnelt sech. Hie gëtt sech als onschëlleg. Gesteet eege Feeler an, mä hätt vun näischt eppes matkritt.

Och dësen 2. Interview gläicht éischter enger „Mäerchestonn“. Et gesäit duerno aus, ewéi wann de Steve Duarte sech gutt op dat preparéiert hätt, wat hien als Message wëll lassginn.

Et schéngt och esou ze sinn, dass hie genee weess, dass et juristesch schwéier dierft ginn, him iergendeng Strofdot op syreschem Buedem nozeweisen.

Den eenzegen Ënnerscheed zum 1. Interview ass säi Look. De Steve Duarte sëtzt an engem schwaarzen T-Shirt viru sengem Interviewpartner an net méi an engem orangenen Outfit ewéi bei rudaw.

Och säi Baart ass méi kuerz. E puer Froe bleiwen och no 2 Interviewen ongekläert:

Wat geschitt mam Steve Duarte?

D’Kurde wëllen hir Prisonéier lassginn. De Mann selwer well zeréck op Lëtzebuerg.

Mä wie wëll de fréieren Dschihadist hei zu Lëtzebuerg?

A wéi eng Roll spillen déi portugisesch Autoritéiten? Schlussendlech ass de Steve Duarte e portugisesche Staatsbierger.

Hei e Video zu dem 1. Interview vum 27. Juni 2019

VIDEO: Interview mat Lëtzebuerger IS-Kämpfer Steve Duarte
An engem Interview mat der kurdescher Tëleeschaîne Rudaw seet e Lëtzebuerger IS-Kämpfer, de Steve Duarte, hien hätt ee Feeler gemaach.

Back to Top
CIM LOGO