D'Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng ass viru Kuerzem erëm komplett an d'Rei gesat ginn an huet elo bal all moderne Luxus, deen ee sech ka wënschen.

Och wa Sites et Monuments sech an der Haaptsaach mat historesche Gemaier beschäftegt, ass ee sech bewosst, dass ee beim Schutz vum Patrimoine, d'Realitéite vun haut net dierf ignoréieren. Den Drock op den Immobiliëmaart, zum Beispill, de Besoin u Wunnengen an dass hautdesdaags kaum een op Komfort wëllt verzichten.

De Service an d'Mataarbechter, déi am Land ënnerwee sinn, beroden d'Proprietären an déi Richtung a weise sech ganz kompromëssbereet, wann et ëm d'Restauréiere geet. A wann d'Resultat dann och nach esou ausgesäit, wéi hei am 3. Deel vun eiser Serie, kritt ee Loscht, op Patrimoine.

VIDEO: Serie Patrimoine (3): Uewerkäerjeng
D'Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng ass viru Kuerzem erëm komplett an d'Rei gesat ginn an huet elo bal all moderne Luxus, deen ee sech ka wënschen.

Renovatioun vum Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng

AUDIO: Serie Patrimoine (3) / Reportage Dany Rasqué

D'Haus, dat um Enn vum 18. Joerhonnert gebaut gouf an an deem am Joer 1792 de Lëtzebuerger Physiker a Fuerscher Michel Gloesener op d'Welt koum, ass national geschützt. Virun zwee Joer huet den Adelino da Silva et kaaft, deemools war et relativ vernoléissegt an elo ass et d'Pärel aus dem Duerf.

An enker Zesummenaarbecht mat Sites et monuments huet de Mann, dee vu Beruff Schräiner ass, deen ale Charakter vum Haus erhalen a modern Elementer integréiert. Den Adelino da Silva war faszinéiert vum Péiteschhaus, soubal en et déi éischte Kéier gesinn huet. Fir hie wier et eppes wéi eng Schatzkëscht, huet en eis mat blénkegen Aen am RTL Interview erzielt.

© Monique Kater

En aalt Haus ze renovéieren, wier nach ëmmer säin Dram gewiescht. 16 Méint huet hie mat vill Passioun an Energie dodru geschafft. Eppes, dat en ni beréit huet:

"Wou fannt der hei am Land sou schéi Baute wéi dat doten? Där si jo keng méi do! Fir eis war et eng Chance, fir esou eppes ze fannen, et war keng Contrainte. Ech sinn elo bëssen traureg, datt ech elo fäerdeg sinn, well ech géif gäre virufueren, fir esou schéi Saachen ze renovéieren."

Déi al hëlzen Dieren huet den Adelino Da Silva erhal a restauréiert, en huet Wandmolereie fräigeluecht, eng Sauna an eng Schwämm integréiert an eng grouss Garage gebaut. Hien huet et ganz agreabel fonnt, fir mat Sites et monuments zesummenzeschaffen a war - wéi hie seet - zu kengem Ament mat Contraintë geplot.

Sites et monuments geet et ëmmer drëm, fir e gudde Kompromëss mat de Leit ze fannen, assuréiert den Architekt vum Service, de John Voncken. Jo, heiansdo wier een am Verglach mat groussen Denkmalschutz-Natioune wéi Frankräich oder Groussbritannien esouguer e bëssen ze vill kompromëssbereet:

"Mir wëssen awer, datt an deem Land hei elo immens vill Drock um Immobilier ass, mer wëllen awer och gär Patrimoine erhalen an da musse mer wierklech eng Lektür maache vum Bestand a mussen de Bauhären an den Architekten och opweisen, wat méiglech ass a wou ee Saache kann dobäi maachen: Wou kann een z.B. eng gescheit nei Couche dropleeën, fir datt déi zwou - dat Aalt an dat Neit - sech och befruchten? Et soll een am Fong net futtimaachen, et kann een awer och alt emol eppes afferen, mä et muss een ëmmer eng Wäertegkeet, d'Qualitéit vum Bestand an d'Qualitéit vun der neier Kreatioun kucken, déi dobäi solle kommen."

Wéi den Adelino da Silva seng Renovatioun ofgeschloss hat, war en 30 Prozent iwwert sengem Budget. An alen Haiser fënnt een eben heiansdo Iwwerraschungen - där enger, mä awer och där anerer.

"Wann een net de Moyen dofir huet, soll een esou e Projet net ugoen. Mech huet et net intresséiert, wat et géif kaschten, well mer eng Schräinerei hunn. Wann eng Privatpersoun dat mécht, muss ee sech verschiddene Saache bewosst sinn, mä wann een d'Suen dofir huet, firwat net?!"

© RTL

Wichteg awer och dobäi ze soen, datt ee bei engem Haus, dat kommunal oder national klasséiert ass, och finanziell Ënnerstëtzung kritt. De John Voncken erkläert:

"D'Hëllefe kënne bei der nationaler Protektioun bis 50 Prozent goen a bei der kommunaler Protektioun bis 25 Prozent. An Ausnamefäll kann ee bei der nationaler Protektioun esouguer iwwer 50 Prozent kréien."

D'Subside fir déi national Protektioun limitéiere sech iwwregens net just op dee baussechten Deel vum Haus, déi gëllen och fir bannen. Bei de kommunalen Hëllefen ass et nach e bëssen anescht. Déi sinn an éischter Linn fir bausse geduecht, ma vu vireran ausgeschloss gëtt e Subside fir bannen awer net.