E Méindeg war zu Péiteng eng grouss Zeremonie, fir un de 75. Anniversaire vun der Liberatioun ze denken. Um Dënschdeg si Gedenkzeremonien an der Stad.

AUDIO: 75 Joer Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg / Rep. Pierre Jans

Lëtzebuerg gouf viru 75 Joer vun de Nazie befreit. Den 10te September gëtt hei am Land d‘Libératioun duerch d’Alliéiert offiziell gefeiert. Et war awer de 9te September 1944, wéi déi éischt US-amerikanesch Unitéiten zu Péiteng a Lëtzebuerg agedronge waren. Et war do en anere Spektakel wéi an der Stad, am Süde vum Land koum et nämlech nach zu Gefechter.

Dowéinst war e Méindeg zu Péiteng eng grouss Zeremonie fir un de 75. Anniversaire vun der Liberatioun ze denken. De Gand-Duc Henri gouf zu Péiteng emfaang duerch de Buergermeeschter Pierre Mellina, dem Chamberpresident Fernand Etgen a fir d’Regierung d’Inneministesch Taina Bofferding. Mat dobäi waren och eng Rei Deputéiert an déi US, britesch, däitsch an éisträichesch Ambassadeuren.

Puer honnert Leit hate sech ronderëm d’Gemeng mat klenge Lëtzebuerger Fändelcher versammelt, dorënner puer Veteranen a Leit déi als US Zaldote verkleet waren a mat deemolege Militärgefierer op Péiteng komm sinn.

Nodeems de Staatschef sech an d’gëllent Buch vu Péiteng ageschriwwen huet gouf et e Cortège an en historeschen Exposé. Mi spéit gouf dunn op der John F Kennedy Plaz virun der Gemeng gefeiert.

Och déi nächst Deeg sinn nach Evenementer zu Péiteng virgesinn. Et wier wichteg un all déi verschidde Säite vum Krich z’erënneren, sou de Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina.

Péiteng, den 9. September 1944. De éischten amerikaneschen Zaldot, den GI Hyman Josefson, léisst säi Liewen op Lëtzebuerger Buedem. Déi Alliéiert haten d'Uertschaft am Süde vum Land als éischt befreit.

Den 95 Joer ale Léon Keiser, deen deemools zu Suessem verstoppt gouf, huet wärend der Befreiung op der Biff, déi éischt amerikanesch Gefierer laanschtfuere gesinn. Fir eben d’Amerikaner z’empfänken, waren eng helle Wull Leit laanscht d’Stroosse versammelt. Wéi de Léon Keiser zu Péiteng war, huet hien dann och héieren, datt e Panzerspähwon vun der Wehrmacht vu enger Kanoun getraff gouf. 3 vun deene 4 Persounen, déi am Won waren, sinn erauskomm, allerdéngs ass eng Persoun verbrannt. Bei der Befreiung vu Peiteng, wieren de Gros vun den Amerikaner via Athus an d’Land eragefuer.

Dem Léon Keiser no ass bei der Befreiung vu Lëtzebuerg de Leit een Stee vum Häerz gefall. D’Leit wieren op déi amerikanesch Panzer geklommen an hätten eben mat den US-Zaldoten gefeiert. Do, wou den éischten GI ëm d’Liewe koum, steet haut een Denkmal fir den Hyman Josefson. All Joers erënnert sech Péiteng op där Plaz un d’Befreiung. Nom Krich, hat sech e Komité mat Vertrieder vum Syndicat d’Initiative an der Gemeng zesummengesat, fir eben e Monument ze schafen fir un den éischten amerikaneschen Krichsaffer hei am Land z’erënneren. Bei der Befreiung vu Lëtzebuerg hätte vill Leit Fotoe mat den US-Zaldoten gemaach an et hätt een zesummengefeiert, esou nach de Léon Keiser.

D'Lëtzebuergesch Haaptstad war eréischt den Dag drop un der Rei. An dat hat ee ganz spezielle Grond, hat den antëscht verstuerwenen Aloyse Schiltz sech viru 15 Joer am Kader vum 60. Anniversaire vun der Liberatioun erënnert. De Lëtzebuerger hat d'Amerikaner deemools begleet, wéi si d'Land no an no befreit hunn: ''Ouni Zweiwel wär et ganz gutt méiglech gewiescht fir den 9. September an d'Stad eran ze récken. D'Amerikaner haten awer e formellen Uerder fir de Prënz an d'Stad ze begleeden. An dee war nach net do. Do sot den Amerikaneschen Corps Commander mir gesot huet, wéi ech gefrot hat. Dunn hat dee gesot We are waiting for your King.''

Riets ass natierlech vum verstuerwene Grand-Duc Jean, deemools eben nach Prënz.

Den 10. September 1944 gëllt zanter hir als Dag vun der Liberatioun, och wann de Wanter d'Ardennenoffensiv mat sech bruecht hat; d'Stad Lëtzebuerg blouf awer fräi. De 17. Februar ware keng däitsch Truppe méi am Grand-Duché.

75 Joer ass dat alles hir. E Gebuertsdag, deen d'Péitenger iwwert e puer Deeg feieren. E Freideg den Owend gëtt op Swing-Musek gedanzt. E Samschde trieden Rockabilly-Gruppen op an e Sonndeg gëtt et e richtegen amerikanesche Barbecue.

Um Méindeg den Owend fënnt déi offiziell Commemoratiounsfeier statt, an der Präsenz vum Grand-Duc Henri. Duerno gëtt weider gefeiert mat engem Concert vum Blues-Museker Archie Lee Hooker, a Fräibéier tëscht 21 an 22 Auer. Nach bis de 14. September ginn et zu Péiteng eng ganz Réi Evenementer am Kader vum 75. Anniversaire vun der Liberatioun.

An der Stad ass d'Gedenkzeremonie vun der Regierung zesumme mat der Stad Lëtzebuerg um Dënschdeg. Och do wäert de Grand-Duc Henri dobäi sinn, nieft dem Premierminister Xavier Bettel, dem Chamberpresident Fernand Etgen, der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an enger ganzer Partei anere Politiker. Och Vertrieder vu patrioteschen Associatiounen an vum Comité fir d'Memoire vum Zweete Weltkrich wäerten natierlech dobäi sinn, wann un dee wichtege Moment fir d'Lëtzebuerger Land viru 75 Joer geduecht gëtt.

 Communiqué mat den Organisatiounen an dem Programm

Commémoration du 75e anniversaire de la libération de la Ville de Luxembourg

Le 10 septembre 1944 est considéré comme le jour de la libération du Luxembourg, même si la bataille des Ardennes pendant l'hiver 1944-1945 a fait retomber un nombre de villages sous occupation allemande. Cependant, la capitale resta libre. Le 17 février 1945, les troupes allemandes se replièrent définitivement du territoire luxembourgeois.

Pour marquer ce 75e anniversaire de la libération de la Ville de Luxembourg, une cérémonie commémorative sera organisée conjointement par le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg et par la Ville de Luxembourg le 10 septembre 2019.

La première partie de cette cérémonie se déroulera auprès du monument national de la Solidarité luxembourgeoise situé sur le "Kanounenhiwwel". Ce monument, inauguré en 1971, fut conçu comme lieu de commémoration pour toutes les victimes de la Seconde Guerre mondiale. S.A.R. le Grand-Duc y déposera une couronne de fleurs en présence du Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, du président de la Chambre des députés, Fernand Etgen, du bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer, d'autres autorités nationales et communales, du corps diplomatique accrédité auprès du chef d'État luxembourgeois ainsi que des représentants des associations patriotiques et du Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale.

Ce moment de recueillement et de mémoire en souvenir de la libération sera suivi par une séance commémorative qui se tiendra au Cercle Cité. Au programme de cette dernière figureront notamment les discours du Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, et du bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer. L'accompagnement musical sera assuré par un ensemble du Conservatoire de la Ville de Luxembourg. Communiqué par le Service information et presse du gouvernement et la Ville de Luxembourg