Radikaliséiert zu Lëtzebuerg
Zanter knapp zwee Joer gëtt et de Lëtzebuerger Zenter géint Radikalisatioun "respect.lu", dee virop Präventioun mécht.
Ma och Persounen, déi radikaliséiert sinn, ginn um Wee eraus ënnerstëtzt.
"Respekt.lu" kritt reegelméisseg Fäll aus Lëtzebuerg gemellt, mat politeschen, ideologeschen, reliéisen oder themateschen Hannergrënn.
Lëtzebuerg wier keng Insel an et dierft een net maachen, wéi wann et de Problem hei am Land net oder net méi géif ginn. D'Gréisst vun der Problematik géif sech net nëmmen un der Unzuel vu radikale Persounen ausmaachen: "Bei Terrorismus ass et jo esou, datt all terroristeschen Akt do ass, fir Terror ze séien, an do geet et duer, mir haten d' Chance hei zu Lëtzebuerg, datt nach näischt geschitt ass, mä et ass awer keen do, deen dofir eng Garantie kann iwwerhuelen, datt dat net iergendwéi awer geschitt", sou d'Karin Weyer, Chargée de Direction vu "respect.lu".
Wann engem am Familljen- oder Bekanntekrees eng Persoun opfält, déi ëmmer méi radikal Iwwerzeegungen géif entwéckelen, ass den Zenter géint Radikaliséierung eng vun den Ulafstellen zu Lëtzebuerg. All Fall kann ënnert respect@respect.lu oder der Telefonsnummer 20 60 62 anonym gemellt ginn.