StatecIwwer 120.000 Seniore liewen am Grand-Duché, den eelsten dovun huet 111 Joer

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum internationalen Dag vun den eelere Leit, huet de Statec eng Etüd iwwert d'Senioren zu Lëtzebuerg duerchgefouert.
© Statec

Stand 1. Januar 2019 wunnen 121.759 Mënschen zu Lëtzebuerg, déi méi wéi 60 Joer hunn. Dës Persoune maachen 19.8% vun der gesamter Populatioun aus. Déi eelste Fra huet zejoert hiren 110. Gebuertsdag gefeiert, 111 Joer huet de Statistiken no den eelste Mann am Grand-Duché. Ënnert alle Seniore si méi Frae wéi Männer: Mat 53.1% leien d'Frae liicht an der Iwwerzuel.

Zanter 2011 ass d'Zuel vun den eeleren Awunner liicht an d'Luucht gaangen, vun 19,1% op 19,8%. Am Verglach zu den 28 EU-Memberstaate klëmmt d'Zuel vun de Senioren hei manner séier, well vill jonk Leit aus der ganzer Welt an de Grand-Duché schaffen a wunne kommen.

Grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen

De Prozentsaz u Seniore variéiert vu Gemeng zu Gemeng: Zu Fëschbech sinn et der zum Beispill 12,7%, zu Munneref 30,1%. Dës Verdeelung léisst sech virun allem doduerch erklären, dass a munche Gemenge méi Alters- a Fleegeheemer sinn. Beléift sinn ënnert anerem Munneref, Réimech, Nidderaanwen an Iechternach.

Liewenserwaardung

D'Liewenserwaardung zu Lëtzebuerg läit den Ament tëscht 80 a 84 Joer, déi zanter den 1980er Joren ëm 10 Joer fir d'Männer an ëm 7,8 Joer fir d'Frae geklommen ass. 61,2 % vun de Seniore si bestuet, 20,3% si Wittfra/Wittmann. A puncto Scheedunge kann eng grouss Verännerung constatéiert ginn: Am Joer 1981 waren et just 1,3%, 2019 sinn et der 11,0%. 117 Scheedunge goufe lescht Joer duerchgefouert bei Koppelen, déi méi wéi 60 Joer al waren. Dat si 9,5% vun allen 1.230 Scheedungen am Grand-Duché.

Pensionären

Mat Bléck op d'Beruffswelt konnt festgehale ginn, dass am Joer 2018 40% vun de Mënschen tëscht 55 a 64 Joer geschafft hunn, wat eng Augmentatioun vun 10% am Verglach zu 2005 ass. Domat läit Lëtzebuerg op der leschter Plaz vun allen EU-Memberstaaten. An deenen anere Länner schaffen nach méi Leit an deem Alter. No hirem 60. Gebuertsdag si just nach ëm 10% vun de Senioren am Beruffsliewen aktiv.

Sozial Netzwierker a sozial Interaktioun

Vun alle Mënschen tëscht 60 a 74 Joer hu 86% an de leschten 3 Méint den Internet benotzt. Beléift si virun allem E-Mailen, Internet-Recherchen, Online-Banking, sozial Netzwierker, Musek, Telefonéieren a Spiller. 61% vun dëse Senioren hunn esouguer schonn eppes um Internet bestallt.

E bësse méi wéi d'Hallschecht steet reegelméisseg a Kontakt mat Familljememberen. 70% gesinn hir Famill ee Mol de Mount, hir Frënn esouguer nach méi dacks. Ëm 50% gëtt ee Mol d'Woch vu Kollege besicht, 75% e puer Mol de Mount. 5% vun alle Residente fille sech eleng a kréie rar oder ni Besuch.

Ausgaben

Pro Mount ginn eeler Leit, déi eleng wunnen, 3.902 Euro aus, wat däitlech méi ass, wéi bei de Mënschen ënner 60 Joer, déi Ausgabe vun 2.554 Euro de Mount hunn. Fir d'Vakanze ginn d'Awunner tëscht 60 a 64 Joer ëm 4.200 Euro d'Joer aus. De Budget ass am Laf vun de leschte Joren ëm 400 Euro geklommen. Bei de Persounen tëscht 70 a 74 Joer sinn et ëm 3.400 Euro d'Joer an 2.800 Euro ginn d'Seniore fir Vakanzen aus, déi tëscht 75 an 79 Joer hunn. Och wann d'Destinatioune bei de betraffene Leit variéieren, ass deene meeschten de Komfort am wichtegsten: Méi wéi d'Hallschecht vun hinnen iwwernuecht ëmmer an engem Hotel.

Gesondheet

Ronn d'Hallschecht vun de Seniore sinn der Meenung, dass si sech gesondheetlech gutt spiere géingen, 69% maachen esouguer op d'mannst 1 Mol d'Woch Sport. Iwwergewiichteg sinn 41%, en normaalt Gewiicht hu 36% an 21% si fettleibeg.

Mat Bléck op den Tubakskonsum konnt festgehale ginn, dass 14% fëmmen, 3% dovun awer net am Alldag, mä just fir bestëmmten Occasiounen. D'Moyenne vun den Zigarette pro Dag läit bei 15 Stéck.

Vun alle Verkéiersaccidenter waren an 11% vun de Fäll Senioren dra verwéckelt, 8% vun hinne sinn ënner Alkoholafloss gefuer.

An grousse Ganze ka festgehale ginn, dass d'Senioren zu Lëtzebuerg ganz zefridde mat hirem Liewe sinn.

PDF: STATEC Etüd iwwer Senioren zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO