An der parlamentarescher Ëmweltkommissioun huet d’CSV um Dënschdeg de Moien an der Affär Gaardenhaischen weider Elementer op den Dësch geluecht.

Notamment geet et ëm en Terrain vu bis zu 30 Ar, deen de Roberto Traversini am Hierscht zejoert ouni Autorisatioun an der Naturreserv Prënzebierg soll ofgedroen hunn, fir eng Zort natierlech Terrass ze bauen.

D’CSV Deputéiert Martine Hansen: Do ass jo ëmmer gesot ginn, do si just e puer Äschen ëmgemeet ginn, well déi krank waren asw. Mir hunn awer mëttlerweil Fotoe kritt, datt aus deene puer Äschen e ganze puer Ar... 10, 20, 30 Ar gi sinn. Wat awer definitiv schonn eng Aart Bësch ass, wat fortgemeet ginn ass. Et ass eng Naturschutzzon, do däerf dat net fortgeholl ginn.
Et wéisst een net wat geschitt ass, a wat net geschitt ass. Dofir hätt een der Ministesch nach gäre Froe gestallt, et wier ofgestëmmt ginn, a si hätte keng Froe méi dierfe stellen, sou d'Martine Hansen.

D'Martine Hansen

D’Deputéiert hunn hir Froen dierfe stellen, seet de Kommissiounspresident François Benoy a fënnt, datt et an der Affär Gaardenhaischen iwwerhaapt keng nei Elementer ginn. Dat wier schonn alles virun e puer Woche bekannt gewiescht.

François Benoy: Dat sinn ebe genau déi dote Saachen, wou de Parquet den Ament kuckt, a wou enquêtéiert gëtt. Well dat doten ass net Deel vun der Autorisatioun, déi d'Ministesch ginn huet. Et ass a kengster Weis iergendeppes Neits.

Och dat Dokument wat d'CSV um Dënschdeg ofginn huet, wier eng Pièce, déi se d'lescht Woch an der Chamberkommissioun scho gewisen hunn. Dat wier net wierklech nei.

De François Benoy

De Fernand Kartheiser vun der ADR sot no der Kommissioun, et wieren Elementer op den Dësch komm, déi hien eventuell misst dem Parquet mellen. Doriwwer gëtt och elo bei der CSV nogeduecht.

Op der 1. Pressekonferenz zu dëser Affär, virun engem knappe Mount, haten d'Déifferdenger Oppositiounsparteien LSAP, DP an déi Lénk Biller dozou virgeluecht. Iwwert dat reellt Ausmooss vun deenen Aarbechte war deemools awer nach näischt gewosst.