D’Situatioun ronderëm méiglecht Héichwaasser ass zanter der Nuecht op e Méindeg am gaange sech nees ze berouegen.

De Pic vun de Baachen- a Flëss-Peegelen duerch de ville Reen aus de leschten Deeg, gouf op deene meeschte Statiounen e Sonndeg den Owend spéit gemooss, an ass zanterdeem am gaang nees liicht zeréck ze goen.

D’Uelzecht zu Ettelbréck beispillsweis hat e Maximum erreecht vun 1 Meter 11.

D’Sauer zu Bollendorf 2 Meter 10 – dat ass 3 mol sou héich wéi normal.

1. Meldung um Sonndeg

Um Sonndeg hat d’Waasserwirtschaftsamt jo eng Warnung erausginn, e Message d’ouverture phase de vigilance, déi fir d’Sauer, d’Uelzecht, d’Kuer an d’Sir gegollt huet.

De Service de prévision des crues (SPC) vun der Administration de la gestion de l'eau huet e Sonndeg de Moie kuerz virun 10 Auer eng Héichwaasserwarnung erausginn.

Nach wier een an der Phase de vigilance, ma mat deem ville Reen, deen an de leschte Stonne gefall ass, kéinten d'Peegele relativ séier klammen. Et gouf vill Aquaplaning op de Stroossen, och op den Autobunnen.

D'Niveaue vun de Flëss an d'Previsioune kann een op www.inondations.lu suivéieren.

Wéinst dem ville Reen goufen e Sonndeg de Mëtteg och eng Partie Matcher am nationale Futtball-Championnat ofgesot.

Offiziellt Schreiwes

Message d'ouverture phase de vigilance de crue – bassins Sûre, Alzette, Chiers et Syre

Le service de prévision des crues (SPC) de l'Administration de la gestion de l'eau entre en veille hydrologique.

La situation météorologique indique un risque éventuel de crue. Actualisation en cas de changement de la situation.

Actuellement aucun rapport d'inondations pour les bassins de la Sûre et de l'Alzette n'est encore disponible.

Les niveaux d’eau ainsi que les prévisions sont actualisés sur le site internet www.inondations.lu.

Eröffnungsmeldung Hochwasserbereitschaft – Einzugsgebiete Sauer, Alzette, Chiers und Syre

Das Hochwasservorhersagezentrale (HVZ) der Administration de la gestion de l'eau befindet sich in Bereitschaft.

Die aktuellen meteorologischen Verhältnisse deuten auf ein Hochwasserrisiko hin. Aktualisierung bei Änderung der Lage.

Zurzeit liegt noch kein Hochwasserlagebericht für das Einzugsgebiet der Sauer und Alzette vor.

Aktuelle Pegelstände und Vorhersagen sind der Internetseite www.inondations.lu zu entnehmen.