D'Warn-Mail ass intern net weidergaangen, sou Ëmweltministère
An der Affär Gaardenhaischen ass eng Email vum 15. Juli, déi als Warnung un den Ëmweltministère geduecht war, intern net weidergaangen.
Et goung dorëms, dass et an der Naturreserv Prënzebierg zu Aarbechte komme géif. Dat huet de Premier Conseiller de Gouvernement Mike Wagner RTL op Nofro hi matgedeelt.
Dem Premier Conseiller de Gouvernement no hätt dee Beamten dem zoustännege Fierschter ugeruff. Wéi deen dem Beamte sot, dass eng Autorisatiounsdemande vum Roberto Traversini un de Ministère goe géif a v.a. déi net autoriséiert Aarbechten um Gaardenhaischen zanter dem 8. Juli gestoppt wären - no enger entspriechender Opfuerderung vum Fierschter an der schrëftlecher Informatioun vum Ex-Buergermeeschter, hie géif „unverzüglich“ mat allen Aarbechten ophalen, wat de Fierschter him gegleeft huet -, hätt de Beamte kee weideren Handlungsbedarf gesinn a soss mat kengem iwwert dës Email geschwat. D'Ministesch an hien, de Mike Wagner, wären eréischt no der Deklaratioun vum 10. Oktober vum Carole Dieschbourg an der Chamber dovu gewuer ginn, an zwar Mëtt Oktober. De Beamte wär zanterhier vun der Ministèresdirectioun a sengen Erklärunge gehéiert ginn.
De Fierschter dann hätt den 9. Juli op der Plaz kontrolléiert, dass keng Aarbechter do amgaange wäre mat schaffen. Hien hätt den 19. Juli Fotoe vum Gaardenhaische gemaach, Fotoen, déi den 22. Juli un de Ministère gaange wären, fir an den Dossier administratif ze kommen, an den 29. Juli, nodeems de Virworf vun illegale Buedemaarbechten an der Ëffentlechkeet gewiescht wär, un d'Entité mobile (Parquet) geschéckt gi wären. Vum Premier Conseiller de Gouvernement heescht et: „All Aarbecht nom Baustopp wär net nëmmen illegal, mä och eng Frechheet, allgemeng, mä besonnesch dem Fierschter géintiwwer“. A weider: “Wichteg ass an dësem Dossier, dass d'Infractioun constatéiert ginn ass, de kompetente Service vun der Natur- a Forstverwaltung eng Enquête gemaach huet an eng Enquête judiciaire ënnert der Kompetenz vum Parquet leeft.“
Donieft ass et nach d'Informatioun vum Mike Wagner, dass d'Autorisatioun vun der Gemeng Déifferdeng vun 1971 fir d'Gaardenhaischen den 8. Oktober vum Roberto Traversini via Email an de Ministère geschéckt gouf; den Ex-Buergermeeschter hätt dat Dokument beim Raume fonnt. D'Ministesch hätt déi Geneemegung zwee Deeg drop, den 10. Oktober, an der Chamber deposéiert, an de Ministère hätt se och un d'Police weiderginn, sou de Premier Conseiller de Gouvernement.
Doriwwer eraus läit eis eng intern Email vum 10. Juli aus dem Ministère a Saache Gaardenhaisercher vir. Doran heescht et: „No Récksprooch mat der Madame Ministesch ass folgend Interpretatioun vum Artikel 6 (5) festgehale ginn: (…) Bei Haiser, déi an der Zone verte leien, geet weiderhin e Refus eraus, an dëst strikt op Basis vum Artikel 6 (5). NB: Et gëtt een eenzegt Gaardenhaische pro Haus a Parzell geneemegt. Stinn nieft dem Wunnhaus schonn aner Constructiounen (Schäpp, Garagen...) um Terrain, gëtt keng weider Constructioun geneemegt. D'Gaardenhaische kann awer gär och Hingerjuck, Zwinger oder ähnleches sinn, soulaang et an den Normen ass.“