CCDH-Rapport: Mënschenhandel hëlt zou"Et ginn net genuch Kontrollen an d'Strofe sinn ze niddreg"

Pierre Jans
Dee Constat mécht d'Comission consultative des Droits de l'Homme an hirem 2. Rapport am Optrag vun der Chamber.
CCDH presentéiert hire Rapport
31 Affer vu Mënschenhandel tëscht 2017 an zejoert.

Tëscht 2017 an zejoert gouf et 31 Affer vu Mënschenhandel, méi Fraen ewéi Männer, a virun allem aus net EU-Länner. D'CCDH rechent mat enger héijer Donkelziffer. Nieft der Prostitutioun goufen déi meescht Affer op der Aarbecht ausgenotzt.

De President vun der CCDH Gilbert Pregno bedauert, datt vun hire Recommandatiounen am éischten Zweejoresrapport nëmme ganz wéineg ëmgesat gouf. Virop bei der Aarbechtsinspektioun ITM wär näischt geschitt, do géif ee sech net concernéiert fillen, constatéiert d'Juristin vun der Mënschrechtskommissioun Anamarija Tunjic.

CUT Anamarija Tunjic

"Eiser Meenung no misst d'ITM vill méi eng wichteg Roll am Kampf géint de Mënschenhandel zu Lëtzebuerg spillen. Duerch deen alldeegleche Kontakt mat den Employeuren a Salariéë kéint d'ITM eng Schlësselroll spillen, wann et ëm d'Informatioun, d'Sensibilisatioun a virun allem ëm d'Detektioun vun Affer an der Aarbechtswelt geet."

Der Anamarija Tunjic no geschéien dës Saachen an der Praxis awer net: et géif keng proaktiv Approche vun der Säit vun der ITM ginn. D'Juristin seet weider, datt:

"an de leschten 2 Joer iwwer 6.000 Kontrolle vun der ITM gemaach gi sinn. Mä keng eng vun dëse Kontrollen huet de Mënschenhandel viséiert."

D'CCDH proposéiert dofir, datt d'Gesetz iwwer d'Kompetenze vun der ITM reforméiert ginn. Natierlech misst de Stat d'Personal dann eropsetzen. D'Mënscherechtskommissioun recommandéiert ënnert anerem och, datt d'Recolte vu statisteschen Donnéeën iwwert de Mënschenhandel verbessert gëtt.

Donieft missten d'Strofe méi drastesch ginn. Geldstrofe respektiv nëmmen e puer Jore Prisong op Sursis géifen déi organiséiert Mënschenhändler net ofschrecken a wäre fir esou ee Crime ewéi de Mënschenhandel och ze wéineg.

De President vun der CCDH Gilbert Pregno ass en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 eisen Invité vun der Redaktioun.

© Pierre Jans / RTL

Reaktioun vun der ITM

Op Nofro huet d'ITM op d'Kritik vun der Mënscherechtskommissioun reagéiert. Am Schreiwes ginn nach eng Kéier d'Kompetenze vun der ITM ervirgehuewen. Eleng d'Police wär dogéint zoustänneg, bei Infraktiounen, déi de Mënschenhandel concernéieren.

D'Gewerbeinspektioun wär responsabel fir d'Openthaltsgeneemegunge vun den Net-EU-Bierger ze kontrolléieren. Wann dobäi Fäll vu Mënschenhandel festgestallt géife ginn, da ginn dës Indicen un d'Police weidergeleet.

Back to Top
CIM LOGO