
D'Delegatioun stéing fest, an et géif een op den ordre du jour waarden. Et hätt een den CPTE ni verlooss. Dat sot de Nicolas Buck, den UEL-President dem Lëtzebuerger Wort géintiwwer.
En Dënschdeg den Owend haten déi 3 national representativ Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP, jo op engem Protestpiquet nawell schaarf géint d'Patronat geschoss.
D'UEL wéilt de Sozialdialog awer iwwerhaapt net futti maachen, ganz am Géigendeel, et wéilt een e verbesseren, an e fit maachen fir d'21. Joerhonnert, gëtt de Nicolas Buck zitéiert, dee keng Aussoen vun de Gewerkschaften wollt kommentéieren.