Falschparker am FokusBilan vun der Police: iwwer 500 Verstéiss bannent 2 Deeg

RTL Lëtzebuerg
Den 3. a 4. Dezember huet d'Police verstäerkt Kontrolle gemaach, fir ze kucken, ob Automobiliste sech richteg stationéiert, respektiv richteg geparkt hunn.
© afp

190 Fuerer kruten en avertissement taxé, well se en Trottoir blockéiert hunn. Ronn 100 Gefierer stoungen am Stationéierungsverbuet. Net manner wéi 24 Mol gouf eng Livraisonsplaz blockéiert, 16 Mol eng Parkplaz fir Leit mat Behënnerung. Op engem Busarrêt stoungen am Ganzen 9 Chaufferen a 7 Persounen hu mat hirem Auto eng Garagenafaart blockéiert.

Back to Top
CIM LOGO