Keen eenheetleche CurriculumWat léiere Schüler wierklech iwwer LGBTIQ+ an de Schoulen?

Julie Thilges
Sibila Lind
2024 goufen et zwou gréisser Petitiounen, déi allebéid méi ewéi 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt hunn an déi deemno allebéid an der Chamber debattéiert goufen.
Wat léiere Schüler wierklech iwwer LGBTIQ+ an de Schoulen?
No zwou Chamber-Debatte war d’Majoritéit sech eens, datt queer Theemen hir Plaz an der Educatioun hunn. Ma wat genee léieren d’Kanner an déi Jonk doriwwer?

Déi eng Petitioun huet gefuerdert, dass d’"LGBTIQ+"-Thematik aus de Schoulen ausgeschloss gëtt. Déi zweet huet dorop reagéiert an de Contraire verlaangt: Dëse Sujet sollt an der Educatioun méi gestäerkt ginn.

D’Debatt huet am Januar zejoert stattfonnt: D’Majoritéit vun den Deputéierte war sech eens, dass queer Themen hir Plaz an der Educatioun hunn, soulaang de Contenu un den Alter vun de Schüler ugepasst ass.

Ma wat genee léieren d’Kanner an déi Jonk iwwerhaapt iwwert d’"LGBTIQ+"-Thematik?

Gëtt et en offizielle Schoulprogramm, deen “LGBTIQ+"-Theme virgesäit?

Am SCRIPT, enger Ekipp vum Educatiounsministère, gëtt de Schoulprogramm ausgeschafft. Den Direkter Luc Weis huet eis matgedeelt, dass d’ Thema “LGBTIQ+" um Programm steet: “Also de Sujet LGBTQI+ ass u sech ganz present an der Schoul, ënnert dem groussen Iwwerthema ‘Éducation sexuelle et affective’, also eppes, wat vun der Spillschoul bis zur Première ëmmer erëm opgegraff gëtt, fir dass de jonke Mënsch engersäits Respekt an Toleranz entwéckelt par rapport zu der Diversitéit vun de Geschlechter, par rapport zu der Diversitéit vun de sexuellen Identitéiten. D’Weeër dohinner, déi sinn dem Enseignant iwwerlooss.”

D’Liz Engel ënnerriicht VieSo (Vie et Société) am Lycée Aline Mayrisch: “Et ass awer zu kengem Zäitpunkt, wou den Enseignant forcéiert ass, dat Theema ze maachen. Mee bei eis an der Schoul hu sech alleguerten d’Viesosproffen zesummegesat a gekuckt: wéi eng Theeme wëlle mer maachen, wéi eng fanne mer extra wichteg, och fir datt all Schüler op all Klassestuf déi selwecht Theeme gesäit.”

Drock vun den Elteren

Fir e bessert Bild vun de Schoulen ze kréien, hu mir beim Educatiounsministère ëm Erlabnis gefrot, eng Klass am Fondamental ze filmen, wou d’Kanner iwwert “LGBTIQ+" informéiert goufen. Eis Ufro gouf ofgeleent, souwuel fir de Fondamental, ewéi och de Secondaire. Et wier pädagogesch net ubruecht, esou e Cours ze filmen.

Dofir hu mir eis amplaz mat engem Schoulmeeschter aus dem Fondamental doheem getraff. Hien ënnerriicht e Cycle 4 an huet dacks Sexualitéit, Diversitéit, a Geschlechtervillfalt a senge Coursen ugeschwat. E puer Deeg nom Interview huet hien awer säin Accord zeréck gezunn: Dat wéinst Drock vun den Elteren, déi net wéilten, dass hir Kanner mat dësem Sujet a Kontakt kommen. Iwwerdeems huet hien decidéiert, dëst a sengem Klassesall z’evitéieren.

Wat sinn d’Suerge vun den Elteren?

De Steve Schmitz huet zwee kleng Kanner an huet an der Chamber d’Petitioun ënnerstëtzt, déi fir d’Ausschléisse vun “LGBTIQ+"-Themen an der Schoul war. Hie betount, dass hien net géint d’Thematik selwer wier, ma dass se keng zentral Roll an de Schoule sollt spillen: “Et ass net, dass et problematesch ass. Ech hu versicht an der Chamber hinne verstoen ze ginn, ja, d’Kanner sollen et bäibruecht kréien, mee awer ab engem gewëssenen Alter. En Alter, wou ech soen, wou d’Kanner et och verstinn, wou si e kognitiivt Verhalen hunn. Wou si och wëssen, iwwert wat geschwat gëtt, soen ech emol. Ab dem sechste Schouljoer kann een domat ufänken, mee et soll awer net d’Haapttheematik an der Schoul ginn.”

D’Petitionäre fannen d’Eltere sollte besser informéiert sinn iwwert dat, wat Kanner an dësem Beräich an der Schoul léieren. Den Ament wier dat net wierklech kloer an eng kloer Kommunikatioun tëscht Schoul an Eltere géif feelen: “D’Elteren hunn de flou elo, déi sëtzen am Däischteren. Si wëssen net, wat op si duerkënnt, och net, wat op hir Kanner duerkënnt.”

Gehéiert d’"LGBTIQ+"-Thematik an d’Schoulen?

D’Caroline Pull, Psychologin am Familljenzenter, betount, dass och Eltere kënne profitéieren, wann hir Kanner heiriwwer léieren: “Heiansdo hu mir als Eltere jo och Chance an eis Kanner bréngen eis eppes mat, wat mir nach net woussten. Also et ass..., et kann och gutt sinn, wann e bëssen eng Verstéierung vum System do ass.”

Hiren Aarbechtskolleeg, den David Velazquez, erkläert, op wéi eng Aart a Weis dës Thematik soll ënnerriicht ginn: “Et geet net dorëms, de Leit iergendeppes an d’Gesiicht ze schmieren, et geet de Leit einfach nëmmen dorëm, déi néideg Informatiounen ze kréien, fir dass een einfach sech selwer verstoe kann, wat ronderëm geschitt, dat anuerdnen ze kënnen, an da ‘moving on’.”

D’Ënnerriichte vun “LGBTIQ+" sollt gemaach ginn, ouni d’Schüler ze beaflossen, esou d’Caroline Pull: “Wat d’Schoul am Fong soll maachen, ass Fakten och weiderginn. Fakte weiderginn a kloer biologesch Fakten, kloer psychologesch Fakten, sozialpsychologesch Fakten.” Si warnt, dass d’Ausschléisse vun esou Theeme weider zur Diskriminatioun kéint bäidroen, well déi wier nach ëmmer staark present: “Wann ee sech als Trans-Mënsch out, ass d’Warscheinlechkeet, dass ee gemobbt gëtt, einfach do. D’Fro ass net: Gëtt ee gemobbt? DFro ass: Wéini gëtt ee gemobbt?”

En eenheetleche Schoulprogramm fir all d’Schoulen

Fir d’Caroline Pull feelt ee wichtegt Element: E Schoulprogramm, deen d’"LGBTIQ+"-Thematik konkret festhält: “An am Fong wier et flott, wa Curriculumen ausgeschafft ginn, dass all Schoul dat nämmlecht ënnerriicht. Wéi och all Schoul déi selwecht Form vu Mathé oder de Subjonctif, do ginn et och net 25 Varianten an de Proff ka kucken: wëll ech dat enseignéieren, wëll ech et net? Ech fanne Subjonctif och net immens flott, meng Kanner mussen et awer léieren. Dat gehéiert einfach dozou.”

Den SNE, Syndicat National des Enseignants, deelt dës Vue: “D’Heterogenitéit vun eiser Schoulpopulatioun - besonnesch am reliéisen a kulturelle Beräich - kann den Enseignant an eng desagreabel Situatioun bréngen, virun allem, wann et Eltere ginn, déi net wëllen, dass hir Kanner mat esou Theme konfrontéiert ginn. Virun esou Konflikter mussen d’Enseignante geschützt ginn. Dat kann nëmme sinn, wann si an engem reglementéierte Kader mat offizielle Richtlinnen agéieren.”

D’Experten an d’Enseignanten, mat deene mir geschwat hunn, si sech eens: D’Schüler sollten an de Schoulen iwwert Sexual- a Geschlechtervillfalt informéiert ginn, op eng altersgerecht Aart a Weis, fir géint Diskriminatioun virzegoen, an d’Realitéit vun der haiteger Gesellschaft z’illustréieren.

Obschonns “LGBTIQ+" zum Deel an de Schoulbicher virkënnt, vum Ministère ausgeschafft gouf an et Formatioune gi fir Enseignanten, bleift de Sujet eng Optioun a keng Obligatioun.
Drock a Kritik vun den Elteren – an de Manktem un Interessi op Säite vun der Schoul – kënnen dozou féieren, dass Enseignanten dës Thematik komplett evitéieren.

Ouni eng kloer national Richtlinn bleift den Unterrecht vu Sexual- a Geschlechtervillfalt inkohärent uechtert d’Schoulen an ass ofhängeg vun de Schoulen an den individuelle Proffen.

PDF: Déi komplett Statements vum SNE an der Féduse.

Back to Top
CIM LOGO