De Christian Schleck bleift op alem Posten

De Christian Schleck gëtt net versat, dat huet den Arméi-Minister François Bausch dem 100komma7 confirméiert.
De Concernéierten hätt seng Bedenke géint eng Versetzung am Delai eraginn, sou heescht et weider. De Christian Schleck soll sech bis op Weideres nëmmen ëm de Kontakt mat de Rekrutte këmmeren. Bei der Arméi-Gewerkschaft SPAL war een zanter e puer Méint opbruecht, well de President wéinst gewerkschaftlechem Asaz en anere Posten an der Arméi sollt kréien.
Den Etat Major vun der Arméi huet séier op dës Reprochë geäntwert a geschriwwen, datt d'gewerkschaftlech Fräiheete géife respektéiert ginn. An der Arméi géif et awer zënter laangem e Rotatiouns-Prinzip beim Militär-Personal ginn, d'Zyklen hätten 3 bis 5 Joer.
Och d'Gewerkschafte SPFP an CGFP hate sech an dësem Sträit zu Wuert gemellt an et gouf esouguer d'Demissioun vum Chef d'Etat-Major Alain Duschène an de Raum gestallt.
Fir de François Bausch hätt sech d'Fro gestallt, ob dem Christian Schleck seng gewerkschaftlech Rechter verletzt goufen oder net: Dat wär net de Fall gewiescht. Et hätt kee Sënn gemaach, fir hien ze versetzen, sou de Minister, deen och hofft, dass "iwwerzunne Fuerderungen en Enn fannen an d'Arméi nees fir d'Sécherheet vum Land suerge kann". De Bou wär an dëser Affär nämlech iwwerspaant ginn.
No enger Reunioun vun der Chamberkommissioun fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung en Dënschdeg de Mëtten, sot de Minister François Bausch, dass an der Affär ëm de President vun der Arméisgewerkschaft SPAL, Christian Schleck, kee gelunn hätt.
Et wär seng Positioun, dass gewerkschaftlech Rechter ze respektéiere wären a keen duerch sou en Engagement en Nodeel hätt, huet de Minister virun der Press betount.