
Wéi eng a wéi vill Schüler a Schülerinne si fir Virbereedungsklassen fir d’Lëtzebuerger Arméi ageschriwwen an hunn dës Coursen, déi zanter der Rentrée 2016 am Lycée Technique zu Ettelbréck ugebuede ginn, en Impakt op d’Unzuel u Rekrutementer bei der Arméi?
Ënnert anerem dëst wollt d’CSV-Deputéiert Diane Adehm vum Verdeedegungsminister François Bausch an enger parlamentarescher Fro wëssen. De grénge Minister huet a senger Äntwert betount, datt d’Klassen och e soziale Volet hunn.
Et géif bei dëse Preparatiounskueren engersäits drëm goen, d’Leit z’ënnerstëtzen fir d’Epreuvë vun der Arméi ze packen, mä se sollen och d’Bild vun der Arméi an der Gesellschaft valoriséieren. Dobäi kéim, datt dës Klassen de jonke Schüler tëscht 17 a 24 Joer en Accès an d’Aarbechtswelt erméiglechen, erkläert de François Bausch.
Wat d’Chifferen ugeet, waren an de leschte 4 Joer 197 Schüler an de Virbereedungsklassen ageschriwwen - dovun hunn der 57 de Selektiounstest vun der Arméi wärend där Period gepackt. Déi meeschte Schüler, iwwer 52%, koumen aus dem secondaire general. Dovunner war eng grouss Majoritéit vun niddrege Klassen tëscht enger 7ième a 5ième. 40% vun de Schüler koumen aus DAP-Klassen.
Wat de Rekrutement bei der Arméi ugeet do seet de Verdeedegungsminister kloer, datt een net feststelle kann, datt dee Chiffer zanter der Aféierung vun de Kueren an d’Luucht gaangen ass. 2015 huet d’Arméi nach 200 Leit rekrutéiert, 2018 waren et der nëmmen 156.
De François Bausch betount an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm awer och datt dës Virbereedungskueren e Pilotprojet wier, dee permanent evoluéiert géing ginn an een dofir och keen definitive Bilan zéie kann.