SPFPGewerkschaft fuerdert weiderhin de Récktrëtt vum Alain Duschène

RTL Lëtzebuerg
D’Arméi- a Policegewerkschaft SPFP ass weiderhin alles anescht wéi zefridden, wéi sech déi ominéis Causa Schleck entwéckelt huet.

Den Dossier wier wäit dervun ewech, fir zougemaach ze ginn, heescht et an engem Schreiwes vum Syndikat vun e Méindeg de Mëtteg.

Wann den zoustännege Minister Bausch géif behaapten, dass “de Christian Schleck net versat géif ginn an op sengem Posten an der Arméi kéint bleiwen, da wier dat esou net richteg”, ass ze liesen.

PDF: Pressecommuniqué vum 13. Januar 2020

Back to Top
CIM LOGO