De Gesondheetsministère schéngt d'Problemer erkannt ze hunn, mä bis elo sinn nach keng Konsequenze gezu ginn.

Et mécht kee Sënn, d'Gesondheetspolitik an der Santé ze maachen, déi an der Sécurité sociale net ukënnt, där Meenung ass d’AMMD. Dofir begréisst d‘Doktesch- an Zänndokteschassociatioun, datt déi zukünfteg Gesondheetsministesch Paulette Lenert och delegéiert Ministesch am Sozialministère gëtt. Der AMMD no huet de Gesondheetsministère d’Problemer am Gesondheetswiesen erkannt, ma et vermësst ee Verbesserungen.

AMMD-Bilan / Reportage Fanny Kinsch

D’Dokteschgewerkschaft proposéiert selwer e Modell mat ambulante Strukturen, deen hirer Meenung no direkt e puer Probleemer léisst: d’Versuergung vum Patient verbesseren, de Beruff nees méi attraktiv maachen an d’Medezin moderniséieren. Dës ambulant Strukture sollen, am Géigesaz zu de Spideeler, der Aktivitéit no an net iwwert e Budget finanzéiert ginn, an enk mat de Spideeler zesummeschaffen, seet den AMMD-President, Alain Schmit,: "Iwwert d'Doktere selwer, déi sech a Gesellschaftsformen deenen zwou Strukture kënne widmen, dat muss net all Dokter eenzel sinn, mä déi Doktersgesellschafte kënnen dat dann assuréieren. Dat Zweet ass, datt d'Verwaltungsstruktur vun den ambulante Strukturen och virgesi kéint, dass d'Spideeler do integréiert wieren."

An dësen ambulante Strukture kéinten dann och Geräter wéi IRMen ugeschaaft ginn. Zwee rezenten Urteeler no dierfen d’Spideeler net de Monopol dofir hunn, e gesetzleche Kader gëtt et awer nach net.

Alain Schmit: "Mä et gëtt awer och iwwert de juristeschen Aspekt eraus eng medezinesch Noutwennegkeet, ambulant Strukturen ze schafen. An eist Konzept, dat mer entwéckelt hunn, dat dréit all deene Gesichtspunkte Rechnung, nämlech enger konstitutioneller Fräiheet, enger gescheiter medezinescher Versuergung am Spidol a baussent dem Spidol. Dat Ganzt am Sënn vum Patient."

Iwwerdeems soll d’Präventivmedezin gestäerkt ginn, et kéint ee sech an deem Kader och virstellen, änlech wéi bei den Zänndokteren, datt Leit, déi ee Mol d’Joer bei den Hausdokter ginn, Virdeeler bei Remboursementer kréien.

D’AMMD hätt hire Modell och schonn an den zoustännege Ministèrë presentéiert, seet den Alain Schmit: "Mir hunn dat presentéiert viru Fonctionnaire vum Gesondheetsministère a vun der Sécurité sociale. Mir hu festgestallt, datt d'Representantë vun der Sécurité sociale net emol eng Fro gestallt hunn."

Fir eng modern Medezin wier et wichteg, d'Digitaliséierung ze notzen, fir d'Acteure mateneen ze vernetzen. Den elektronesche Patientendossier, deen zanter dem 1. Januar 2020 iwwert e Règlement Grand-Ducal a Kraaft getrueden ass, geséich ee bei der AMMD awer ganz skeptesch.

Extrait Alain Schmit

Alain Schmit: "Bei all Doktervisitt muss da mam Patient geschwat ginn, op déi dann an deen DSP dra kënnt oder net, fir den Accord vum Patient ze hunn, dass dat sou geschitt. Dat ass eppes, dat mer regrettéieren, well dat mécht d'Aarbecht onméiglech. Esou wäert et sécher net lafen. Dat Zweet ass, dass d'Dauer, wéi laang déi Dokumenter stockéiert ginn, fir eis wesentlech ze laang sinn. D'Iddi war, au départ, datt Dokumenter echangéiert kënne ginn. Déi Valeur, fir eppes ze echangéieren, hänkt awer och of vun der Dauer, wärend där d'Dokumenter drop sinn an eeler Dokumenter brauchen net méi echangéiert ze ginn, maachen awer deen Dossier immens oniwwersiichtlech."

Iwwerdeems zweiwelt d'AMMD och un der legaler Basis vum elektronesche Patientendossier. D'Dateschutzkommissioun hat ageworf, datt verschidden Elementer missten am Gesetz verankert ginn, deem war net Rechnung gedroe ginn.