
Nächsten Dënschdeg, de 4. Februar, kritt Lëtzebuerg en neie Minister an en neien Deputéierten. Den Etienne Schneider hält als Wirtschafts- a Gesondheetsminister op, hie war och Vizepremier. Am fréie Mëtteg en Dënschdeg huet de sozialistesche Politiker Rendezvous beim Grand-Duc, direkt dono um 14.30 Auer gëtt de Franz Fayot, Affekot an Nach-LSAP-President, als neie Regierungsmember vereedegt. Hie gëtt zoustänneg fir d’Economie a fir d’Kooperatioun, also d’Entwécklungshëllef. De Gesondheetsressort iwwerhëlt d’Paulette Lenert. Den Dan Kersch gëtt neie Vizepremier.
Mëttes gëtt an der Chamber awer och en neien Deputéierte vereedegt, dat nom Doud vum DP-Deputéierten Eugène Berger.
De Pim Knaff, Affekot a Schäffen zu Esch, iwwerhëlt déi fräi Plaz fir déi Liberal am Parlament. Moies kënnt och d’Fraktioun beieneen, fir en neie Fraktiounspresident ze bestëmmen. Dat dierft de Gilles Baum ginn. Den Ost-Deputéierten a Schäffe vu Lënster mécht aktuell schonn den Interim als DP-Fraktiounschef a sollt souwisou 2021 déi Plaz iwwerhuelen.