Kanner-Chrëschtmetten um Houwald "Mir hunn eng gutt Noriicht fir iech dobäi"

Christophe Hochard
Um Houwald war op Helleger Owend eng speziell Mass. Chrëschtmette mat de Kanner aus der Gemeng Hesper an der "Chorale Réunie".
Kanner-Chrëschtmetten um Houwald: De Reportage
Um Houwald war op Helleger Owend eng speziell Mass. Chrëschtmette mat de Kanner aus der Gemeng Hesper an der “Chorale Réunie”.

Vill Leit haten sech an der Kierch um Houwald gëschter Owend Plaz geholl. Op Helleger Owend war et eng speziell Editioun vun de Chrëschtmetten. D’Kanner stoungen am Mëttelpunkt. Si hunn op der Bün e Krëppespill opgefouert.

Kanner-Chrëschtmetten um Houwald
Den Edmond Ries


Den Hiert Simon hat säi Lämmche verluer. Wärend senger Sich ass hie verschiddene Leit iwwert de Wee gelaf an huet no sengem klengen Déier gefrot. Op Raiber, Wollef oder Heeschefra. Jiddereen huet vum Hiert Simon eng Luucht als Kaddo kritt. An der Krëppche beim Jesus Kand huet de Simon dunn um Enn säi Lämmchen zréckfonnt.

Kanner-Chrëschtmetten um Houwald
D’Krëppespill virum Public

Dës méi speziell Mass gouf vum Hesper Chouer begleet. Et ass eng Fusioun vun Izeg, Fenteng an Alzeng. Wärend zwou Prouwe gouf sech op dësen Owend preparéiert. Eng gutt Dose Mol koum den Ensembel zum Asaz.

Kanner-Chrëschtmetten um Houwald
Den Dirigent Carlo Marx

Eng gutt Stonn hunn d’Chrëschtmetten um Houwald mam Paschtouer Edmond Ries gedauert.

Back to Top
CIM LOGO