E Freideg de Moie ass de Waringo-Rapport fir jiddereen ëffentlech online gesat ginn.

Et wier e Rapport fir eng Verbesserung vun der Monarchie an net géint d'Monarchie, sot d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen an enger éischter Reaktioun e Freideg de Mëtteg. Bei der Personalpolitik, beim Organigramm a bei de Finanze misst méi Transparenz geschaaft ginn.

Martine Hansen:"Dann erwaarden ech mer natierlech och, datt de Staatsminister, deen awer elo de Rapport schonn eng Woch laang huet, datt deen och elo kloer Positioun zu deem Rapport bezitt. Ech mengen, den Ament huet en d'Funktioun iwwerholl vun enger besserer Bréifkëscht, en huet de Rapport ugeholl, en huet en erëm weidergeleet. Mir wäerte sécherlech dee Rapport elo déi nächst Woch an der Institutiounekommissioun méi genee kucken a Froen dozou stellen, mä entretemps erwaarden ech mer och eng kloer Positioun vum Staatsminister."

E Mëttwoch geet de Xavier Bettel mam Rapporter Jeannot Waringo an d'Chamber-Institutiounekommissioun, fir iwwert de Rapport ze schwätzen. Do virdru wollt de Premierminister awer keng Stellung huelen.

AUDIO: Martine Hansen iwwert de Waringo-Rapport

All Keeleclub zu Lëtzebuerg ass besser organiséiert wéi den Haff, zu där Conclusioun kënnt den Deputéierte vun déi Lénk a Member vun der Chamber-Instiutiounekommissioun Marc Baum no enger éischter Lecture vum Rapport. Et kéint net sinn, datt d'Comptabilitéit vum Staatschef kengen Normen entsprieche géif, dat wier gesetzeswiddreg. De Waringo-Rapport géif kloer weisen, datt Lëtzebuerg am Verglach mat anere Länner Joerhonnerten hannendra wier, well d'Funktioun vum Grand-Duc iwwerhaapt net kloer wier. Et misst elo gekläert ginn, wie fir d'Situatioun um Haff responsabel ass. Datt d'Situatioun um groussherzoglechen Haff sech esou entwéckele konnt, erkläert den Deputéierte sech esou:

Marc Baum: "Ëmmer wann iwwert de Grand-Duc geschwat gëtt, herrscht zu Lëtzebuerg eng Omerta. Dat heescht, et däerf een näischt kritiséieren, et däerf ee keng Froe stellen. Dat huet een elo gesi beim Jeannot Waringo, seng alleréischt Remarque ass: Hien huet Froe gestallt an als Äntwert huet en net dat Dokument kritt, dat e gebraucht huet, mä en huet en Affekotebüro op den Hals geschéckt kritt. Dat ass d'Aart a Weis, wéi zu Lëtzebuerg mat Froen, déi berechtegt sinn, déi mol net onbedéngt kritesch sinn, mä iwwerhaapt mat Froen ëmgaange gëtt. An dat ass e grousse Problem vun eiser Demokratie an déi musse mer ugoen."

AUDIO: Marc Baum iwwert de Waringo-Rapport

Den neien LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel schwätzt vun enger "soberer Analyse" a begréisst speziell de Verglach mat anere Kinnekshaiser am Waringo-Rapport. Et wier awer nach ze fréi, fir ze soen, wéi eng politesch Konsequenze konkret misste gezu ginn.

Georges Engel: "Déi Analys, déi muss nach verschafft ginn. Ech sinn amgaangen do eng ganz Rei vun Detailer an och vu Propositiounen ze verschaffen an ech muss dat och nach mat enger Rei vu Kolleege beschwätzen. An e Mëttwoch wäerte mer jo an der Institutiounekommissioun gesinn, wann de Premier an den Här Waringo dee Rapport och virstelle kommen, wéi mer da virufueren."

AUDIO: Georges Engel iwwert de Waringo-Rapport

Et wier gutt, datt d'Regierung de Rapport esou séier public gemaach an domat Transparenz geschaaft huet. Där Meenung ass déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Wéi konnt et sinn, datt d'Situatioun um Haff sech iwwer Joren esou entwéckelt huet, ouni datt et engem opgefall wier oder datt eppes geschitt wier?

Josée Lorsché: "Et ass jo opgefall, soss hätt de Premier net de Jeannot Waringo beobtraacht, e Rapport ze maachen, eng Analys ze maachen. An deem Sënn begréisse mer déi Decisioun. Wa Problemer bestinn, mussen se och opgedeckt ginn, mussen se geklärt ginn an da mussen se aus der Welt geschaaft ginn an dofir kann een elo net soen, et wier näischt geschitt."

AUDIO: Josée Lorsché iwwert de Waringo-Rapport

Och de Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei, war der Meenung, datt an der Vergaangenheet kee sech ze vill Froe gestallt huet iwwert d'Situatioun um Haff.

Sven Clement: "Ech mengen, datt do bewosst net higekuckt ginn ass. Ob een elo bewosst fortgekuckt huet, wëll ech net engem ënnerstellen, ech mengen awer, datt et deene successive Premieren an anere Ministeren ëmmer erëm e bëssen opgefall ass, datt et och an der Chamber, den 'tout Luxembourg' soen ech, e bëssen opgefall ass, datt do iergendwou awer eppes géif rumoueren, mä et ass den Haff. Dat ass dann e bëssen duergaangen, et huet een et salopp ewechgewëscht, et ass jo den Haff, déi kënne maachen, wat se wëllen."

AUDIO: Sven Clement iwwert de Waringo-Rapport

Et ass net alles um Haff a punkto Finanz- an Personalgestioun eng Katastroph, mä et ginn awer eng Rei Problemer. Dat seet den CSV-Parteipresident Frank Engel zum Waringo-Rapport, deen e Freideg publizéiert gouf. Et géinge Fonctionementer um Lëtzebuerger Haff ginn, déi esou op kengem aneren europäeschen Haff üblech wieren an dat misst een och a Fro stellen. Et kéint een d'Monarchie nämlech just dann an hirem ganzen Ëmfang erhalen, wann ee se och an dës Zäit transportéiert.

Et géifen eng ganz Rei Saache ginn, déi ee schonn laang hätt kéinten ëmsetzen, awer dat hätt een net gemaach, sou de Frank Engel.

Frank Engel:"Beispillsweis, datt et zanter 1999 eng ganz nei Gesetzgebung iwwert d'Staatscomptabilitéit gëtt, déi op den Haff nach ni applizéiert gouf. Ech mengen awer, dass et kee Problem dierft sinn, ze soen 'dat ass eng Omissioun'. Mä natierlech muss och déi Parzell Staatsfinanzen, déi den Haff betrëfft, den Dispositioune vun deem do Gesetz ënnerworf ginn. An dat heescht, dass och um Haff muss ëffentlech Depense esou gehandhaabt ginn, wéi dat an der Verwaltung ass. Well et si Steiergelder, do gëtt et keen Ënnerscheed. Pour autant, wou et der sinn, et gëtt jo och nach eng Dimensioun, wou den Haff mat sengen eegene Gelder schafft, do muss dat dann net onbédengt sou sinn, mä do si mer dann nees am Beräich, wou mer net wëssen, wou dat Engt vun dem Anere getrennt ass. Wou eventuell Patrimoine vum Haff agräift, wann aner Mëttelen net duer ginn. Do hannendru steet d'Fro, wéini agéiert ee Member vun der groussherzoglecher Famill ëffentlech a wéini agéiert e privat. A besonnesch de Grand-Duc."

AUDIO: Frank Engel iwwert de Waringo-Rapport (Deel 1)

Ausser dem Grand-Duc an dem Héritier wär keen do, deen eng vun der Verfassung festgehalen Aufgab z'erfëllen hätt. Dofir misst fir d'Zukunft gekläert ginn, wat privat ass a wat ëffentlech ass, fir all Rumeuren a Froen aus dem Wee ze goen. Et misst awer och eng aner Saach gekläert ginn, sou de Frank Engel.

Frank Engel:"Ech hunn d'Impressioun, dass mer eis wäerte mussen mat der Fro auserneesetzen, ob et sou ass, dass d'Fra vum Staatschef op prägend Manéier Afloss huet op d'An- an Ausstellungspolitik vum Haff. Dat schéngt mir op kengem aneren europäeschen Haff esou ze sinn. Meng Fro ass, ob dat acceptabel ass, ausserhalb vun all Responsabilitéit. Well et muss ee jo wëssen, datt wann een e Mënsch astellt oder wann een engem Mënsch säin Astellungsverhältnis terminéiert, da sinn do rechtlech Bestëmmungen z'acceptéieren, da sinn do Responsabilitéite mat am Spill. A wann een den Turnover um Haff kuckt, deen den Här Waringo och beschreift, da muss ee soen, dass dat héich Zuele si vun Leit, déi do net ganz laang bleiwen. An da soen ech mer, wéi den Här Waringo et och seet, do gehéiert eng Gestioun vu Human-Ressourcen hin, déi enger moderner Betribskonzeptioun entsprécht, an da kann dat och net méi d'Famill sinn, déi sech ëm déi do Saache këmmert."

Et wär elo un der Politik, a besonnesch un der Regierung, fir dës Froen ze klären. De Waringo-Rapport misst e Suivi kréien, sou nach den CSV-Parteipresident.

AUDIO: Frank Engel iwwert de Waringo-Rapport (Deel 2)

An engem Communiqué hu sech och déi Konservativ zu Wuert gemellt. D'Monarchie a Fro ze stellen, ass fir si keng Léisung. Moossnamen dogéint, déi de Stellewäert vun der Monarchie am 21. Joerhonnert verbesseren, géife si ënnerstëtzen.