Dat beseet déi neisten Editioun vum nationale Drogerapport, deen e Méindeg publizéiert gouf.
Et gëtt geschat, dass eng 2.250 Leit am Land där huelen, dat mécht en Taux vun 5,8 op 1.000 Awunner, am Joer 2000 louch dësen nach bei 9 Konsumenten op 1.000 Awunner.
Am beléiftste bei de staarken Drogen, déi op d’mannst eng Kéier am liewe geholl ginn, ass de Kokain. D’Opioiden, dorënner grad den Heroin, gëtt awer dogéint bei Leit, déi reegelméisseg Droge konsuméieren, méi geholl.
Eng Baisse vum problemateschen Drogekonsum, manner HIV-Infektiounen an Iwwerdosisse bei Consommateuren a méi Cannabis a Kokain um Marché: Dat sinn e puer Konklusiounen, déi een aus dem sougenannten Drogerapport 2019 zéie kann, deen e Méindeg publizéiert gouf.
Am RTL-Interview war den nationalen Drogecoordinateur frou doriwwer, dass de problemateschen Drogekonsum iwwert déi lescht 10 Joer erofgeet.
Deen Trend géif sech och weider confirméieren, woubäi d’Populatioun nach ëmmer zu ronn 3/4 aus Männer an zu 1/4 aus Frae besteet, wéi den Alain Origer betount huet: „Awer et hänkt och vun den Drogen of. Ech mengen, kloer, Heroin/Kokain ass eng Drog, déi am Fong méi, problematesch gesinn, vun de Männer consomméiert gëtt, mä wann een z.B. an déi nei synthetesch Droge geet, Amphetaminnen oder och psychotrop Medikamenter, do sinn et dacks d’Fraen, effektiv, déi méi héich Taux de prévalencen hunn.“
D’Baisse vum problemateschen Drogekonsum géif awer net onbedingt bedeiten, dass doduerch och deen allgemengen no ënne geet.
2014 gouf et en Ausbroch vun HIV-Infektioune bei Leit, déi Droge gesprëtzt hunn, ma zanter 2-3 Joer ass déi Zuel staark réckleefeg, huet den nationalen Drogecoordinateur ervirgehuewen. Virdru war se allerdéngs och ferm an d’Luucht gaangen.
An och bei den Iwwerdosissen ass een op engem historeschen Déif ukomm:„Mir si leider Gottes nach ëmmer bei 4, dat sinn der 4 ze vill. Mä par rapport zu 2007, wou mer 27 Fäll haten, ass dat eng signifikativ Baisse, a mir hoffen, dass dat sou virugeet!“
Den Alain Origer féiert dee Réckgank ënnert anerem op méi Investitiounen an d’Risiko-Reduktioun zréck, dat heescht et goufe wäit méi Sprëtzen ausgedeelt.
Wéi steet Lëtzebuerg dann allgemeng an der Europäescher Unioun do, wat den Drogekonsum ugeet? Den Alain Origer:„Majo, besser wéi virun 10 Joer, op alle Fall! Dat heescht, wat de problemateschen Drogekonsum ugeet, si mer definitiv oder ware mer viru 15 Joer un der Spëtzt; mir sinn elo an engem niddrege Mëttelfeld, souzesoen! Wat d’Iwwerdosissen ugeet, si mer eng vun deenen niddregsten, an ech denken, wat de Konsum an der genereller Populatioun ugeet, do leie mer och ënnert de meeschte Wäerter an der Europäescher Unioun!“).
Obwuel den Taux vu Leit mat engem problemateschen Drogekonsum am Grand-Duché staark erof an d’Tendenz weider an dës positiv Richtung geet, obwuel 2018 bal eng hallef Millioun steril Sprëtze verdeelt goufen an obwuel virzejoert nëmmen, tëscht Gänseféisercher, jee 4 nei HIV-Infektiounen an Iwwerdoséierunge gezielt goufen (par rapport zu z.B. nach 26 Iwwerdosissen am Joer 2000), ass den Alain Origer, nationalen Drogecoordinateur, a sengem Fazit net ze vill euphoresch:
“Virsiichteg bleiwen, well et ass sou, dass mer gesinn, z.B. beim Kokain, wéi séier dass eng nei Tendenz am Fong kann immens Repercussiounen hunn, well et ass net nëmmen, dass déi Drog dann effektiv vun anere Leit eventuell consomméiert gëtt, mä et ass och, wéi gesot, dee ganze Rateschwanz, deen hannendrun ass, d.h. Infektiounen, Aart a Weisen, wéi et consomméiert gëtt... Wann ee weess, dass de Kokain z.B. 10-15mol den Dag consomméiert gëtt: Dat huet eng ganz Rei vu Repercussiounen, och wat d’Prise en charge ugeet. D.h. synthetesch Droge sinn och en Thema, wat eis nach ëmmer wäert beschäftegen, Cannabis absolut och, wann dat sou virugeet mat der Stäerkt... D.h. mir wäerten héchstwarscheinlech an den nächste 15 Joer grad souvill Aarbecht hu wéi déi 15 Joer virdrun!”
D’Consommatioun vu Kokain hëlt hei am Land iwwregens weider zou. Iwwerdeems ginn ëmmer méi Drogen inhaléiert amplaz gesprëtzt, wat dem Alain Origer no eng manner risikoräich Consommatioun duerstellt.