11 Spuerkeess-Agencë maachen zouHefteg Kritik vun de Gemengen an ULC

RTL Lëtzebuerg
D'Spuerkeess huet e Mëttwoch de Mëtteg an engem Schreiwes wësse gedoen, dass am Ganzen 11 Agencen uechtert d'Land bis Enn Mäerz zougemaach ginn.
© Domingos Oliveira / RTL

Deemno wäerten d’Agencë vun Esch-Lalleng, Rëmeleng, Waasserbëlleg, Colmer-Bierg, vum Briddel, aus der Fiels, am Pommerlach, vun Housen, vum Réiserbann an d’Agence an der Belle Etoile op de 27. Mäerz zou maachen. Derbäi kënnt d’Agence vu Rodange, déi zougemaach gëtt, wann d’Agence zu Péiteng bis renovéiert ass.

Parallel géif een den Ament zu Déifferdeng am Centre commercial “Opkorn” eng nei Agence realiséieren, déi dann déi zwou Filiale vun Déifferdeng an Nidderkuer vun 2022 u wäert ersetzen.

Domadder geet d’Zuel vu Spuerkeess-Agencen am Land vun aktuell 65 op just nach 54 erof. Sämtlech Aarbechtsplaze géifen duerch dës Restrukturatiounen awer erhale bleiwen.

Dat ganzt wier decidéiert ginn, nodeems eng Analys gemaach gouf, wéi staark déi eenzel Agencen nach benotzt gi wieren. D’Spuerkeess setzt och weider op d’Digitalisatioun.

D’Fielser Spuerkeess an de 60er Joren

© Gemeng vun der Fiels

PDF Artikel iwwer d'Spuerkees Fiels

Back to Top
CIM LOGO