“Iergendwa muss et duer goen, et si Jonker hannendrun, déi iwwerhuele kënnen.” Dat seet den Alain Duschène, de Chef d’Etat-Major vun der Arméi, deen Enn September an d’Pensioun geet. De Generol war déi lescht Méint am Kader vun der sou genannter Affär Schleck an d’Schlagzeile geroden. Säin Depart elo vun der Spëtzt vun der Arméi hätt awer kloer näischt mat de Récktrëtts-Fuerderunge vu Gewerkschaftssäit ze dinn.
No 42 Joer um Bierg kann een op esou munches zeréckkucken, do ware vill schéi Momenter dobäi awer och där manner Schéiner. Fir den Alain Duschène ass dat schlëmmst, wat jee passéiere konnt d’Lescht Joer geschitt, wéi bei enger fataler Explosioun vum Waldhaff zwee Demineuren ëm d’Liewe kommen. Am selwechte Joer dann den Dout vum Grand-Duc Jean. De Respekt, wann de Generol iwwert de fréiere Staatschef schwätzt, ass direkt erauszehéieren. “Hie war ëmmer fir d’Zaldoten do” beschreift hien dee Mann, no deem d’Kasär vum Härebierg benannt ass.
RTL-Informatiounen no soll d’Regierung e Freideg d’Decisioun huelen, wien de Successeur vum Alain Duschène gëtt. 6 Kandidate waren an d’Rennen ëm de Poste gaangen, 4 Stéck sinn der aktuell nach iwwereg.