
"Ech wënsche mer, datt mer, am Interessi vun eisen Institutiounen, déi festgefuere Positiounen nees méi no beienee bréngen", sou d'Ressortministesch. An eisem Background leschte Samschdeg (29. Februar 2020) hat d'Procureur Général d'Etat jo d'Fro opgeworf, ob d'Politiker dës Séparation des Pouvoirs och wierklech an der Verfassung verankere wëllen, nodeems den Text op dësem spezifesche Punkt am Justizkapital geännert gouf.
Et ass net, datt ee sech direkt muss Suergen iwwert d'Onofhängegkeet vun der Justiz maachen, wann dee Passus, wéi et elo geplangt ass, aus der Verfassung erausgeholl gëtt, seet d'Sam Tanson. D'Fro, déi sech stellt, ass, wéi d'Zesummenaarbecht tëscht Ministère a Parquet duerno an der Praxis deklinéiert gëtt. Dozou d'Justizministesch:
"Mir musse wierklech kucken, wéi mer dat uwenden a wéi eng Reegele mer eis ginn. Mir kënnen eis och inspiréieren un eisen Nopeschlänner. Dat war och scho bei enger viregter Versioune gemaach ginn. A Frankräich kann de Justizminister Instructions de politique générale ginn. Dat kann an der Praxis awer och relativ wäit goen. An der Belsch ass d'Formulatioun nach e bëssche méi generell gehalen."
Wat fir déi gréng Ministesch op kee Fall awer a Fro kënnt, ass, datt de Justizminister ze vill an d'Poursuitten agräift an dem Parquet individuell Instruktioune gëtt, zum Beispill fir de politesche Géigner monddout ze maachen.
"Wat ech einfach wichteg fannen ass, datt mir et op deem generellen Niveau halen. Mir sinn e klengt Land an et muss een oppassen, datt een net vun deem Generellen ze vill séier an dat Individuellt kënnt. Ech fannen et gëtt e reelle Risiko, datt d'Politik decidéiert, virun allem an Eenzelfäll, géint wien eng Poursuite soll gemaach ginn. Dat ass eppes, wat mir Suerge mécht a wat ech mer net wënsche fir eise System.", betount d'Politikerin vun déi Gréng.
Dobäi kënnt, datt de Justizminister haut schonn an der Theorie dem Parquet relativ spezifesch Instruktioune ka ginn. Vun där Méiglechkeet wier awer zanter Joerzéngten, aus erklärbare Grënn, net Gebrauch gemaach ginn. Den Dialog tëscht Justizministère a Parquet wier reegelméisseg a géif gutt funktionéieren, dat hätt zum Beispill och d'Reaktioun vun den Autoritéiten op d'Situatioun op der Stater Gare gewisen.
"Ech hat nach net de Fall, datt ech mer gesot hunn - wéi dat Beispill, dat elo am Raum stoung - datt Infraktioune geschéien an do näischt gemaach gëtt.", sou nach d'Sam Tanson.
De Bréif vun der Martine Solovieff un de Chamberpresident am Kontext vun de Froe vun der CSV-Oppositioun iwwert déi geheim Fichiere wollt d'Sam Tanson vum Fong hir net méi kommentéieren, just esou vill:
"Jidderee behaapt sech op senger Positioun an d'Diskussioun iwwert d'Gewaltentrennung schéngt mer nach ëmmer noutwendeg - duerfir sinn ech frou, datt se elo an der Chamber gefouert gëtt. Ech hu meng Meenung schonn dozou gesot gehat. Ech widderhuelen dat lo net, well dat ass och net zilféierend."
Zejoert hat d'Ministesch gemengt, de Bréif vun der Martine Solovieff wier onglécklech gewiescht.