Tresorerie-Problemer? Denkt un d'Mutualité de cautionnement
D'Chambre de Commerce huet op d'Mutualité de cautionnement opmierksam gemaach, déi Kleng- a Mëttelentreprisen bei Enkpäss an der Tresorerie kéint retten.
De President vun der Chambre de Commerce, de Luc Frieden, huet erkläert, Betriber kéinte Prête bei enger Bank froen, a wann déi eng Garantie verlaangt, géingen d’Betriber d’Garantie zu 50% vun der Mutuelle kréien. Hie rechent domadder, datt eng 300 Betriber vun der Mutuelle wäerte Gebrauch maachen.
Déi Mutuelle huet 10 Milliounen Euro Kapital, mä kann duerchaus méi Sue mobiliséieren. De Luc Frieden rechent domadder, datt eng 300 Betriber vun der Mutuelle wäerte Gebrauch maachen. Eng Helpline ass vun e Méindeg un och op, fir de Betriber Rotschléi a Bezuch zu de verschiddenen Aiden ze ginn.
D'Situatioun wier "grave" huet de President vun der Chambre de Commerce widderholl. Mä wa gutt koordinéiert gehandelt géif, da géing een och dës Kris meeschteren.
Eng Helpline ass vun e Méindeg un och op, fir de Betriber Rotschléi a Bezuch zu de verschiddenen Aiden ze ginn.
Detailer um Site vun der Chambre de Commerce
De Mëttelstandsminister Lex Delles huet e Freideg op de Gesetzprojet fir Hëllef fir "aussergewéinlech Fäll" higewisen, deen e Mëttwoch am Regierungsrot op den Instanzewee geschéckt ginn ass. Donieft huet hie widderholl, wat de Wirtschaftsminister scho matgedeelt hat: Lëtzebuerg wäert e Méindeg an en Dënschdeg zu Bréissel dofir plädéieren, datt de Plafong fir d’forfaitaire Hëllef vu maximal 200.000 op 500.000 Euro dierf gehéicht ginn.
De Communiqué vun der Chambre de Commerce
A la rédaction
Madame, Monsieur,
Vendredi 13 mars 2020, la Chambre de Commerce avec ses entités House of Entrepreneurship et Mutualité de cautionnement, ainsi que la direction générale des classes moyennes du ministère de l’Économie ont présenté un paquet de mesures de soutien pour les entreprises devant faire face aux difficultés induites par la pandémie Covid-19.
Les différentes annonces ont porté sur :
- la création d’une garantie bancaire pour les entreprises en difficulté de trésorerie ;
- la mise en place d’une helpline pour les entreprises ;
- l’assistance à distance délivrée par la House of Entrepreneurship ;
- ainsi qu’un rappel des mesures adoptées par le gouvernement en date du 11 mars 2020.
Vous trouverez le communiqué de presse relatif à ces annonces, sous le lien suivant : https://www.cc.lu/actualites/detail/covid-19-nouveau-paquet-de-mesures-pour-les-entreprises/
En vous remerciant de tenir cette information à la disposition du public, nous vous prions d'agréer, Madame, Monsieur, l'expression de nos salutations distinguées.